Op den Inhalt sprangen

Paul Decker (Forstingenieur)

Vu Wikipedia
Paul Decker
Gebuer 1. Februar 1926
Beefort
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Paul Decker, gebuer den 1. Februar 1926 zu Beefort, war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung[1][2].

De P. Decker huet zu Nanzeg op der École nationale des eaux et forêts (ENEF) studéiert a säi Studium mam Titel Ingénieur des eaux et forêts ofgeschloss[1]. Am Oktober 1949 huet hien den theoreeteschen an am Dezember 1950 de prakteschen Opnamexame fir d'iewescht Karriär vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung gepackt[3].

Hie war Direkter vun der Forstverwaltung vum 29. Abrëll 1977 bis den 1. Februar 1991[1].

A senger Fräizäit war hien nieft der Juegd e begeeschterten Alpinist.

  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302.
  • Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Massard 2015, S. 163.
  2. Wolter 2015, S. 181.
  3. Luxemburger Wort 1949-10-26, S. 4 (Administration des Eaux et Forêts) ; Luxemburger Wort 1950-12-29 , S. 4, Nr. 363 (Administration des Eaux et Forêts) .