Paul Faber (Wënzer)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Drécker, Wënzer a Lokalpolitiker Paul Faber. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Paul Faber. |
| Paul Faber | |
|---|---|
| Gebuer | 29. Oktober 1888 |
| Gestuerwen |
26. Februar 1954 Gréiwemaacher |
| Alter | 65 Joer |
| Aktivitéit | Lokalpolitiker, Drécker, Wënzer |
|
| |
De Paul Faber, gebuer den 29. Oktober 1888, a gestuerwen de 26. Februar 1954 zu Gréiwemaacher, war e lëtzebuergeschen Drécker, Wënzer a Lokalpolitiker.[1]
De Paul Faber war eng Zäit laang Distriktskommissär vu Gréiwemaacher. 1917 huet hien d'Dréckerei Esslen iwwerholl, déi ë. a. d'Obermosel-Zeitung gedréckt huet.
Politesch war hien am Gemengerot vu Gréiwemaacher aktiv, vun 1934 bis 1937 als Conseiller, an dono, bis zu sengem Doud, als Schäffen.
Ausserdeem war hie Wënzer, an 1921 Matgrënner a President vun der Genossenschaftskellerei vu Gréiwemaacher.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un hien z'erënneren, huet de Maacher Gemengerot de 26. Mee 1995 decidéiert, eng Strooss no him ze nennen.[2]
E Sall vun der Kellerei krut säin Numm, an och d'Crémantsmarque Poll-Fabaire gouf 1991, an enger Fantasie-Schreifweis, no him genannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Monique Hermes: Maacher Stroossennimm an hir Bedeitung. Gréiwemaacher 2022, S.11-12.
- ↑ L-6785. Lag op geoportail.lu.
