Paul Iby

Vu Wikipedia
Paul Iby
Gebuer 23. Januar 1935
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

De Paul Iby gebuer den 23. Januar 1935 zu Raiding am Burgenland ass Bëschof vun der éisträichescher Diözees Eisenstadt.

Aus sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Iby gouf den 29. Juni 1959 zum Geeschtleche geweit. Den 29. Mee 1967 huet hie mat engem Doktorat e Studium a Kanoneschem Recht op der peepstlecher Universitéit Gregoriana ofgeschloss.

Seng Missiounen an der Diözees[änneren | Quelltext änneren]

  • 1961 bis 1963 – bëscheeflechen Zeremoniär
  • 1967 bis 1974 – Sekretär vum Bëschof
  • 1969 bis 1977 – Leeder vun der Caritas vun der Diözees
  • 1973 bis 1985 – Leeder vum Schoulbüro vun der Diözees
  • 1974 bis 1992 – Chef vum bëscheefleche Sekretariat
  • 1977 bis 1984 – Ordinariatskanzler
  • 1984 bis 1992 – Generalvikar
  • Den 18. Dezember 1992 gouf hien zum Bëschof genannt an d'Publikatioun vun der Ernennung war den 28. Dezember 1992.
  • De 24. Januar 1993 gouf hien an der Kathedral vun Eisenstadt zum Bëschof geweit.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Großes Goldenes Ehrenzeichen mit dem Stern für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten