Paul Kutter

Vu Wikipedia
Paul Kutter
Gebuer 5. Oktober 1863
Gestuerwen 15. Mäerz 1937
Lëtzebuerg
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Fotograf
Famill
Kanner Édouard Kutter, Joseph Kutter
D'Famill Witry fotograféiert vum Paul Kutter.

De Paul Robert Kutter, gebuer de 5. Oktober 1863 zu Flums (Sankt-Gallen) a gestuerwen de 15. Mäerz 1937 an der Stad Lëtzebuerg, war e Schwäizer-lëtzebuergesche Fotograf.

1883 huet hien op Nummer 6 an der Rue Wiltheim an der Stad Lëtzebuerg e Fotostudio opgemaach. 1904 huet hie säi Geschäft op 3, rue du Génie (haut Avenue Monterey) geplënnert, wou de Charles Bernhoeft bis 1903 als Fotograf geschafft huet.[1] Eng Zäit laang gouf et och eng Succursale zu Déifferdeng.

De Paul Kutter war de Papp vum Edouard Kutter (1887–1978) an dem Bernard Kutter (1889–1961), déi allenzwéin och Fotografe waren; dem Moler Joseph Kutter (1894–1941), dem Paul Kutter jr. (1899-1941) an der Catherine Kutter (1891–1958). Den Edouard, wéi och deem säi Jong, deen och Edouard heescht, hunn de Fotosatelier nom Paul Kutter sengem Doud virugefouert.[1]

D'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt Fotoe vum Paul Kutter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paul Kutter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 René Clesse, "Geschichtsschreibung mit der Kamera: Die ersten Photographen unserer Hauptstadt". Ons stad Nr 45, 1994, S.6-12. Gelies de 26. November 2010.