Op den Inhalt sprangen

Pavillon maritime

Vu Wikipedia

E Pavillon maritime (och alt just Pavillon, oder „Séifändel“, iwwersat vun (de) Seeflagge) ass e quadratescht oder rechteckegt Stéck Stoff, dat um Mast oder Heck vun engem Schëff opgezu gëtt fir d'Nationalitéit ze kennzeechnen ënner där d'Schëff ënnerwee ass. D'Schëffsbesëtzer musse sech dann och un d'Gesetzer vun deem Land halen. Fréier war de Pavillon meeschtens dee vum Land an deem de Reeder oder d'Reederei hire Sëtz haten. Aus enger Rei vu Grënn ass dat haut net méi de Fall: vill Schëffer navigéieren haut nämlech ënner engem frieme Pavillon.

De Pavillon ass net ze verwiessele mam Fändel, deen nëmmen u Land benotzt gëtt.

An der Vexillologie gëtt nach en Ënnerscheed tëscht dem Pavillon fir zivil Schëffer an der Krichsschëffer gemaach. Do dernieft gëtt et och deelweis separat Versioune fir verschidden Autoritéiten, wéi d'Douane oder d'Post. Ënner anerem a Spuenie an an den USA gëtt et och en eegene Pavillon fir d'Yachten.

Den Design vum Pavillon kann dee selwechte si wéi den Nationalfändel vum Land, zousätzlech kann awer och den nationale Wopen oder en aner Symbol drop sinn, oder einfach d'Säiteverhältnis oder d'Form kënnen änneren, zum Beispill a Form vum sougenannte Schmuebeleschwanz. En aner Méiglechkeet ass, fir den Nationalfändel an d'Gösch ((en) canton) vum Pavillon ze setzen, d. h. an den ieweschten Eck nieft der Fändelsstaang.

D'Ausgesi vum Pavillon kann awer och komplett anescht wéi den Nationalfändel sinn, sou wéi d'Situatioun ë. a. zu Lëtzebuerg ass. Fir de Pavillon gëtt de „Roude Léiw“ amplaz vum rout-wäiss-bloen Nationalfändel geholl.

 Commons: Pavillon maritime – Biller, Videoen oder Audiodateien