Herzogtum Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Geschicht vun de Benelux-Länner
Austrasien Frisescht Kinnekräich
Karolengerräich
ca 800–843
 
Grofsch't
Flandern

9.Jh.–1384
Lotharingien,
dunn
Nidderloutrengen 855–954–977

Prënzbistum Léck
+

Räichs-
abtei
Stavelot- Malmedy

+

Herzogtum Bouillon

10. Jh.
– 1795
Aner feudal Staaten
Grofschaft Lëtzebuerg
963–1353
10.–14. Jh.

Burgundesch Nidderld.
Herzogtum Lëtzebuerg
1353–1443
1384–1482
 


Habsburger Nidderlanden
1482–1795
(Siwwenzéng Provënzen, Burgundesche Krees)

(Südlech) Spuenesch Nidderlanden
1549–1713
 
Republik vun de
Siwe Vereenegte
Provënzen

1581–1795

Éisträichesch Nidderlanden
1713–1795
Lécker Revolut.
1789–92

Vereenegt
nidderlännesch
Staaten

1790
   


Éischt Franséisch Republik
1795–1804

Batavesch Republik
1795–1806
Premier Empire
1804–15

Kinnekräich Holland
1806–10
 

Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830

Groussherzogtum Lëtzebuerg
zanter 1815

(1815 - 1866 am Däitsche Bond)
(1815 - 1890 Personalunioun)

Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830
   

Kinnekräich Belsch
zanter 1830

Kinnekräich vun den
Nidderlanden
("Holland")
zanter 1830
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

D'Herzogtum Lëtzebuerg war en Herzogtum a Westeuropa, Deel vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun, dat tëscht 1354 a 1794/95 bestanen huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf 1354 vum Keeser Karel IV. gegrënnt, andeems en d'Grofschaft Lëtzebuerg mat hiren "Annexë" fir säi Brudder Wenzel I. vu Lëtzebuerg zum Herzogtum erhuewen huet. Dobäi goufen d'Maarkgrofschaft Arel, d'Grofschaften Durbuy a La Roche, sou wéi och d'Herrschaften Diddenuewen, Béibrech a Marville integréiert. D'Grofschaft Veianen war schonn den 11. Juni 1269[1] e "Lehe" vun de Grofe vu Lëtzebuerg ginn.

1364 koum nach d'Grofschaft Chiny an de Besëtz vum Haus Lëtzebuerg; et koum awer ni zu enger formeller Integratioun vun deem Gebitt an d'Herzogtum Lëtzebuerg. Dofir fënnt een, bis zur Franséischer Revolutioun, d'Bezeechnung "Pays Duché de Luxembourg et Comté de Chiny" a villen offiziellen Dokumenter.

Kuerz nom Doud vum Keeser Sigismund aus dem Haus Lëtzebuerg, ass d'Herzogtum 1441/43, duerch een Arrangement, un d'Herzoge vun der Bourgogne aus dem Haus Valois, déi wäitleefeg Kosenge waren, iwwergaangen, an duerno, duerch Bestietnes, un d'Haus Habsburg. De Karel V. huet et, duerch d'Pragmatesch Sanktioun vu 1549, Deel vun de Siwwenzéng Provënze gemaach. Déi Siwwenzéng Provënze ware selwer soss näischt wéi de Versuch vun enger Neiuerdnung vun den Nidderlanden tëscht dem haitegen Nordfrankräich (ë. a. Grofschafte Flandern an Artois) a Friesland.

Ënner dem Philipp II. vu Spuenien, deen d'Nidderlande geierft hat, koum et do, ënner der Leedung vum Wëllem vun Oranien ("der Schweigsame" od. "le Taciturne"), zu engem Opstand, an nëmmen de Süde konnt vun de Spuenier gehale ginn. Dës Provënzen, zu deenen och d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet, goufe vun do un "Spuenesch Nidderlanden genannt. Den Norden (méi oder manner den haitegen hollännesche Staat) gouf dunn eng biergerlech Republik, déi aus siwe Provënzen (plus e puer gemeinsam Randgebidder am Süden) bestanen huet

1714/15 gouf d'Herzogtum Lëtzebuerg - mat deenen anere Principautéite vun de Spueneschen Nidderlanden - nom Spueneschen Ierffollegkrich - un déi éisträichesch Habsburg-Linn ofgetrueden a war vun do un Deel vun den éisträichechen Nidderlanden.

Wéi d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ë. a. Lëtzebuerg eruewert hunn, si 1795 d'Departementer als nei Verwaltungsstrukturen agefouert ginn. Den Territoire vum Herzogtum Lëtzebuerg - dat de facto ofgeschaf gouf - gouf opgedeelt an op d'Departementer Forêts (dee gréissten Deel), Sambre-et-Meuse an Ourthe verdeelt. Dëst gouf 1797 duerch den Traité vu Campo-Formio, zesumme mat den Annexiounen am Rhäinland, international unerkannt.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

1815, um Wiener Kongress, gouf d'Herzogtum Lëtzebuerg net restauréiert, mä aus dem gréissten Deel vu sengem ale Gebitt (plus Bouillon) gouf e Groussherzogtum geschaf, an zwar zu Gonschte vum Wëllem vun Oranien-Nassau, dee scho Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden gi war. Elo gouf et e Lëtzebuerger Staat (wéinstens um Pabeier), deen a Personalunioun mam "hollännesche" Staat stoung a gläichzäiteg ee Memberstaat vum Däitsche Bond ("Confédération germanique") war. De Kinnek-Groussherzog Wëllem I. vun den Nidderlanden huet awer säi Grand-Duché - wéi d'Festung eng "Bundesfestung" gi war, an där eng preisesch Garnisoun kasernéiert war - bal nëmme wéi eng Provënz vu sengem Räich betruecht. Hien hat et och de Preisen iwwerlooss, de Gouverneur vun der Festung sou wéi de Festungskommandant z'ernennen.

Kaart[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vum Herzogtum Lëtzebuerg aus der 2. Hallschent vum 17. Joerhonnert

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joseph Groben, L'ancien Duché de Luxembourg / Das ehemalige Herzogtum Luxemburg ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1999; 311 S. (ill.); ISBN 2-87996-981-6.
  • Gilbert Trausch, Le Luxembourg sous l'Ancien Régime - XVIIe, XVIIIe siècles et débuts du XIXe siècle ; -> Manuel d'histoire luxembourgeoise, 3. Band; Lëtzeburg, 1977 (= 1. Oplo).
  • M. La Garde, Histoire du Duché de Luxembourg ; 2 Bänn, Bréissel 1849.
  • Jean Bertholet, Histoire ecclésiastique et civile du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny ; 8 Bänn, Lëtzebuerg,1741-1743.
  • Dr. P. J. Müller, Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes, Verlag "de Frendeskres", Imprimerie Bourg-Bourger, Luxemburg 1963.
  • Vivre au Moyen Age: Luxembourg, Metz et Trèves; Etudes sur l'histoire et l'archéologie urbaines, sous la direction du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, Publications Scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, tome 2, Luxembourg 1998.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Herzogtum Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. = Datum vum Vertrag