Peary (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Peary
De Krater Peary
Koordinaten 88°37'48"N, 24°24'0"O
Duerchmiesser 78,8 km
Déift 3.500 m
Selenographesch Längt 25° bei Sonnenopgank
Genannt no Robert Edwin Peary
Genannt am Joer 1964
Moundvéiereck LQ01


De Moundkrater Peary ass eng Ramplifläch mat engem Duerchmiesser vun 85 km no beim Nordpol vum Äerdmound.

De Peary beréiert mat sengem Kraterrand de Nordpol an ass domat déi Struktur, déi dem Pol am nächste läit. Genee wéi säi südleche Noper Byrd aqn den Hermite am Weste ass hie vun der Äerd aus duerch d'Libratioun nëmmen zäitweileg ganz um Rand ze gesinn. Seng héichgeleeë Ränner an e puer Héichten an der Ëmgéigend befannen sech ëmmer am Sonneliicht a ginn –  wéi um Moundsüdpol – "Bierger vum éiwege Liicht" genannt.

An de Pläng fir e stännege Mound-Observatoire gëtt de Peary als eng méiglech Standplaz a Betruecht gezunn, awer och d'Regioun vum Krater Shackleton an der Géigend vum Südpol. An der Ëmgéigend béider Moundpole gouf 1996 fir d'éischt Spuere vun Waasseräis entdeckt, wat nieft de gënschtegen astronomeschen Observatiounsbedéngungen e Plus fir eng permanent Moundstatioun wier.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]