Pedestal

Vu Wikipedia
E Pedestal vun der englescher Firma Vinten

E Pedestal ass eng Zort Stativ op Rieder fir schwéier elektronesch Kameraen.

Eng duerch Pressloft ausbalancéiert Hiefsail am Pedestal erlaabt et dem Kameramann ouni Gestuckels d'Kamera "mam klenge Fanger" ze hiewen. Kugelgelagert Rieder mat Pneuen aus spezielle Gummimëschunge maache manner Lafgeräischer, sou datt de Mann hanner der Kamera sech besser op seng Aarbecht konzentréiere kann.