Peenis vum Mënsch

De Peenis vum Mënsch, och nach Glidd genannt, ass nieft dem Skrotum ee vun de baussenzege Fortplanzungsorganer vum Mann.
Opbau
[änneren | Quelltext änneren]A senger Anatomie ass de mënschleche Peenis en typesche Peenis vun de Mamendéieren. E besteet aus ënnerschiddlechem Tissu a Strukturen, déi gemeinsam seng Funktionalitéit garantéieren.
E fänkt un der Peeniswuerzel (lt.: Radix penis) un, déi iwwer Muskelen a Bänner um Becke festgemaach ass. De gréissten Deel ass de Corpus cavernosum, dee sech aus zwéi längelzege Kierper zesummesetzt, déi uschwëlle kënnen an déi laanscht déi iewescht Säit vum Peenis verlafen. D'Këppchen ass d'Eechel (Glans penis) a besonnesch empfindlech, well do vill Nerven op en Enn ginn. Si spillt eng wichteg Roll beim sexuellen Empfannen an dréit zur sexueller Befriddegung bäi. Si gëtt vun enger Virhaut (Praeputium penis) bedeckt, déi d'Eechel schützt a fiicht hält[1].
En aneren Tissu, de Corpus spongiosum penis, läit ronderëm d'Harnröre an erliichtert de Floss vum Urin an dem Sperma.
Iwwer Schlagodere gëtt de Peenis mat Blutt versuergt. D'Nerve spillen eng wichteg Roll bei der sexueller Stimulatioun a beim Ausléise vun Erektiounen.
D'duerchschnëttlech Gréisst vum net-erigéierte Peenis variéiert jee no Persoun. Et goufe vill Studien iwwer déi duerchschnëttlecht Längt vum männleche Peenis realiséiert. Si läit bei ongeféiert 9 bis 10 Zentimeter wann d'Glidd net erreegt ass[2]. Déi erigéiert Längt läit am Duerchschnëtt tëscht 12 a 15 Zentimeter[3][4].
Funktioun
[änneren | Quelltext änneren]Dem Peenis seng Haaptfunktioun ass et, wärend dem Geschlechtsverkéier d'Spermien an de weibleche Fortplanzungstrakt z'iwwerdroen, wat zur Befruchtung vun der weiblecher Eezell féiere kann.
Mechanesch Stimulatioun, wéi d'Masturbatioun oder de Geschlechtsakt, oder och psychesch Reizer (sexuell Erreegung) féieren zu Nervenimpulser, déi Stéckstoffmonoxid fräisetzen. Doduerch erweidere sech d'Bluttgefäässer, an et fléisst méi Blutt an d'Schwëllkierper vum Glidd wéi es erausfléisst. De Peenis gëtt steif an haart, an a ville Fäll och méi laang an déck.
Déi sougenannt Erektioun ass eng Viraussetzung fir den penetrative Geschlechtsakt[5]. Si erméiglecht et dem Peenis, an de Vagin anzedréngen[5].
Bei méi oder manner laanger mechanescher Stimulatioun oder duerch unhalend psychesch Erreegung kënnt et zur Ejakulatioun, bei där stoussweis Sperma aus der Harnröre fräigesat gëtt. Dat geschitt duerch rhythmesch Kontraktioune vun der Muskulatur vum Spermieleiter, der Bléischendrüs, de Schwëllkierper an dem Buedem vum Becken. An der Reegel ass d'Ejakulatioun mat engem Orgasmus, dem psycheschen Héichpunkt vum Sexualempfannen, verbonnen, obwuel och en Orgasmus ouni Ejakulatioun méiglech ass. D'Fräisetze vun de Spermien erméiglecht d'Fortplanzung an ass entscheedend fir d'mënschlech Reproduktioun[1]. Fir ongewollt Schwangerschaften oder sexuell iwwerdrobar Krankheeten ze verhënneren, kann de Mann eng Kapëttchen iwwer säi Glidd zéien.
Am Schlof kann et passiv zu onwillkürlechen Erektiounen an Ejakulatioune kommen.
Och beim Urinéiere spillt de Peenis eng Roll. Hei ass seng Funktioun awer éischter mechanesch. Duerch de Peenis verleeft d'Harnröre, duerch déi den Urin aus der Harnblos no bausse geleet gëtt. De Peenis beaflosst also d'Richtung vum Urinstral.
Kulturell Bedeitung a Symbolik
[änneren | Quelltext änneren]De mënschleche Peenis huet a ville Kulturen eng symbolesche Bedeitung a gëtt dacks mat Fruchtbarkeet, Männlechkeet a Stäerkt a Verbindung bruecht. Ritualer wéi d'Beschneidung kënnen eng wichteg Roll an der kultureller Identitéit spillen a sinn dacks vun historeschen, reliéisen oder traditionellen Iwwerleeunge markéiert.
Verschidde Männer loossen hiert Glidd tätowéieren oder piercen. Ee Piercing um Peenis ass z. B. de Prënz-Albert-Piercing.
Eng sexuell Spillsaach a Form vun engem haarde Peenis ass den Dildo.
Begrëffer
[änneren | Quelltext änneren]Aner Nimm fir de Peenis sinn ëmgangssproochlech (deels vulgär) z. B.: Vull, Schwanz oder Bunnes a fir den erigéierte Peenis Phallus, Stänner oder Gäns.[6]
Op Latäin gëtt d'Glidd och nach Mentula genannt; medezinesch heescht et och nach membrum virile (lat. fir „männlecht Glidd“), de Peenis vum Kand heescht membrum puerile („Glidd vum Bouf“). De Peenis an de Skrotum zesummen ginn och als Gemächt (oder Gemaach, Gemiecht) bezeechent.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- E weideren onbeschniddene Peenis.
- Scheema mat engem Queschschnëtt vum Peenis.
- Kuerze Video iwwer d'Anatomie an d'Erektioun vum Peenis (op Däitsch).
- D'Bluttgefäässer am Peenis.
- Entwécklung vun der männlecher Erektioun a verschiddene Phasen.
- Anatomie vun der Ejakulatioun (op Englesch).
- Anatomie vun de Kanäl vum Sperma (op Latäin an Englesch).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Peenis vum Mënsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 (de) Penis. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 1. August 2025.
- ↑ Wylie, Kevan R; Eardley, Ian (2007). "Penile size and the 'small penis syndrome'". BJU International. 99 (6): 1449–55. doi:10.1111/j.1464-410X.2007.06806.x. PMID 17355371.
- ↑ H. Wessells, T. F. Lue, J. W. McAninch: Penile length in the flaccid and erect states: guidelines for penile augmentation. In: The Journal of Urology. Band 156, 1996, S. 995–997.
- ↑ J. Chen, A. Gefen, A. Greenstein, H. Matzkin, D. Elad: Predicting penile size during erection. In: International Journal of Impotence Research. Band 12, Dezember 2000, S. 328–333.
- 1 2 (de) Wie funktionieren die männlichen Geschlechtsorgane?. gesundheitsinformation.de. Gekuckt den 1. August 2025.
- ↑ (lb) Caroline Döhmer, Peenis, Pujel, Pissgeschier – sexuell Wuertfelder am Lëtzebuergeschen tëscht neutralem a vulgärem Vocabulaire. (PDF) S. 48ff.. Forum [Nr. 405]. Luxemburg.. Gekuckt de 04.08.2025.