Pehr Wilhelm Wargentin

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Pehr Wilhelm Wargentin
Pehr Wargentin.jpg
Gebuer 22. September 1717
Sunne
Gestuerwen 13. Dezember 1783
Stockholm
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Astronom, Sta­tis­ti­ker
Member vun Royal Society, Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Académie des sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Pehr Wilhelm Wargentin, gebuer den 11. September 1717 (Julianesche Kalenner) zu Sunne (Jämtland), Schweden a gestuerwen den 13. Dezember 1783 zu Stockholm war e schwedeschen Astronom a Statistiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wargentin huet sech scho fréi fir d'Astronomie begeeschtert a scho mat 12 Joer zesumme mat sengem Papp Wilhelm Wargentin eng Mounddäischtert observéiert. 1735 hat hie säi Studium op der Universitéit Uppsala ugefaangen, a 1743 ofgeschloss. 1737 huet säi Professer Anders Celsius hien derzou bruecht, d'Verdäischterung vun de Galiléiesche Mounden duerch de Jupiter méi genee z'observéieren.

1741 huet de Wargentin no véier Joer Aarbecht seng Observatiouns- a Berechnungsresultater um neien Observatoire vun Uppsala virgeluecht - Tabulae pro calculandis eclipsibus satellitum Jovis in Acta Regiae Societatis Scientiarum Upsalaiensis pro 1741 (1746 gedréckt). Déi Observatioune ware méi genee wéi déi vu senge Virgänger an hu gewisen, datt d'Mounden de Jupiter onreegelméisseg ëmkreesen. Als Ursaach huet hien déi géigesäiteg Unzéiungskräften tëscht de Mounden ugeholl. Hien huet och d'Feststellung vum James Bradley bestätegt, datt déi dräi Galiléiesch Mounden Io, Europa a Ganymed ëmmer no enger Period vu 437 Deeg, 19 Stonnen an 41 Minutten genee déiselwecht Positioun anhuelen. Domat hat hien de Joseph-Louis Lagrange 1766 an de Pierre-Simon Laplace 1788 ugereegt, eng Erklärung mat der d'Gravitatiounstheorie vum Isaac Newton ze beaarbechten. D'Kopplung vun den Ëmlafzäiten vun den dräi Mounde am Verhältnes 1 : 2 : 4 nennt een haut Laplace - oder Bunnresonanz.

No senger Promotioun 1743 a senger Professur fir Astronomie am Joer 1748 gouf hien 1749 nom Elvius sengem Doud, stännege Sekretär vun der Kinneklech Schwedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm. Hie war och Member vun der sougenannter Tabellekommissioun der Vigängerin vum Schwedeschen Zentralbüro fir Statistik. 1753 huet hien d'Leedung vum Stockholmer Observatoire iwwerholl, a krut Instrumenter vum Daniel Ekström, John Bird, an John Dollond. Als Sekretär huet hien d'Sëtzungsberichter erausginn an huet d'Akademie mat vill Kontakter mat europäesche Wëssenschaftler weider ausgebaut. Hien huet och bei den Ermëttlunge vun der Distanz Äerd-Sonn duerch Observatioune vun der Marsoppositioun 1752 an de Venustransite 1761 a 1769 zu Stockholm, matgeschafft.

1756 huet hien d'Christina Magdalena Raab bestuet. Si krut dräi Meedercher an ass während enger Feelgebuert am Joer 1769 gestuerwen.

1754 gouf de Wargentin auswäertege Member vun der Göttinger Wëssenschaftsakademie[1], 1781 vun der American Academy of Arts and Sciences a 1783 auswäertege Member vun der Paräisser Académie des sciences. Zanter 1760 war hien Éieremember vun der Russescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Sankt Petersburg. De Moundkrater Wargentin an eng Haaptschoul zu Östersund (Wargentinsskolan) goufen no him genannt.

Säin Aarbechtszëmmer kann een haut am Observatoiresmusée zu Stockholm gesinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sten Lindroth: Wargentin in Dictionary of Scientific Biographies Vol XIV, S. 178-179
  • P.Wargentin: Untersuchung der Ungleichheiten ,in Der Königl.Schwed.Akad. d.Wiss. Abhandlungen aus der Naturlehre,Haushaltskunst und Mechanik,Band 10,S.169-188 (1748,dtsch 1758)
  • N.V.E. Nordenmark:Pehr Wilhelm Wargentin(Biographie in schwedisch) Uppsala 1939

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Holger Krahnke: Die Mitglieder der Akademie der Wissenschaften zu Göttingen 1751–2001 (= Abhandlungen der Akademie der Wissenschaften zu Göttingen, Philologisch-Historische Klasse. Folge 3, Bd. 246 = Abhandlungen der Akademie der Wissenschaften in Göttingen, Mathematisch-Physikalische Klasse. Folge 3, Bd. 50). Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen 2001, ISBN 3-525-82516-1, S. 252.