Pinselschimmel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Penicillium)
Pinselschimmel

Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Fungi
Ënnerräich: Dikarya
Ofdeelung: Ascomycota
Ënnerofdeelung: Pezizomycotina
Klass: Eurotiomycetes
Ënnerklass: Eurotiomycetidae
Uerdnung: Eurotiales
Famill: Trichocomacea
Gattung: Penicillium
Wëssenschaftlechen Numm
Penicillium
Link

Pinselschimmel (Penicillium; vum Laténgesche penicillus "Pinsel") ass eng Pilz-Gattung aus der Famill vun den Trichocomaceae. Hiren Numm kënnt dohier, well hir Konidiophore mat de den Konidien wéi Pinsel ausgesinn. Verschidden Aarte vun dëser Gattung spillen eng Roll bei der Produktioun souwuel vu Penicillin wéi och vu Liewensmëttele wéi Schimmelkéis.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

Den Thallus, d'Myzel, besteet aus engem wäit veräschtelten Netz vun Hyphen, Dës Hyphe bestinn aus méi Kären, sinn duerch Septen ënnerdeelt an hunn dacks keng Faarf. Um Hyphemyzel forméiere sech déi typesch Konidiendréier, déi e puermol verzweigt sinn, mat de Konidiosporen drop. Dat ass déi gängest Verbreedungsform vun de Pilzen a se si meeschtens gréng gefierft.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Penicillium spec. op enger ugeschniddener Zoossiss

Pinselschimmele liewe virun allem a killen a geméissegte Klimazonen um Buedem a si bal iwwerall ze fannen, wou organescht Material am Zoustand vun der Zesetzung ass. D'Saprophyten ënner de Pinselschimmel- an den Aspergillus-Aarten ("Strenze-Schimmelen") gehéieren zu de bekanntste Vertrieder vun den Eurotiales a liewe virun allem op organesche Substanzen, déi ofgebaut kënne ginn. Si stellen déi klassesch Schimmelpilzen duer an zielen zu de Wichtegste Liewensmëttelverdierwer. Vill Aarte stousse Mykotoxiner of, déi héichgëfteg sinn.

Ekonomesch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Eng Rëtsch vu Pinselschimmele spillen eng zentral Roll bei der Produktioun vu Kéis an och vu verschiddene Fleeschprodukter. Penicillium camemberti a Penicillium roqueforti z. B. komme bei der Produktioun vu Camembert, Brie, Roquefort a villen anere Kéiszorten zum Asaz. Bei der Produktioun vu réier Wurscht oder Ham spille Pilze wéi Penicillium nalgiovense eng Roll, andeems se net nëmmen de Goût besser maachen, mä och d'Fleesch méi laang iessbar halen, andeems se verhënneren, datt aner Pilzaarten, déi schiedlech fir de Mënsch wieren, sech drop néierloosse kéinten.

Pinsel- a Strenzeschimmelaarten (Aspergillus) sinn och eng Quell fir d'biotechnologesch Produktioun vun Enzymer wéi Pektinasen, Lipasen, Amylasen, Cellulasen a Proteasen. Si ginn agesat fir wichteg organesch Saieren, virun allem Zitrounen-, Glucon- a Wäisaier ze produzéieren. Do derbäi kënnt d'Gewanne vu wichtegen Antibiotika, virun allem de Penicillin an de Griseofulvin.

Aarten (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Relevant Aarte vun der Gattung Penicillium sinn:

Brie, mat Penicillium camemberti vereedelt

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Martin Schmiedeknecht: Eurotiales in: Urania Pflanzenreich. Viren, Bakterien, Algen, Pilze. Urania-Verlag, Berlin 2000; Seiten 417–418. ISBN 3-332-01167-7.
  • Wolfgang Mücke, Christa Lemmen: Schimmelpilze. Vorkommen, Gesundheitsgefahren, Schutzmaßnahmen. ecomed MEDIZIN, Landsberg am Lech 2004

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Penicillium – Biller, Videoen oder Audiodateien