Period vum Periodesystem
Ausgesinn

An der Chimie bezitt sech eng Period vum Periodesystem op eng Zeil vum Periodesystem vun den Elementer. Cheemesch Elementer an der selwechter Period hunn déi selwecht Zuel vun Elektroneschuelen. D'Perioden 1 bis 7 begräifen zesummen déi 118 bekannt Elementer.
Déi éischt Period besteet just aus den Elementer Waasserstoff an Helium. Déi aner Perioden (2 bis 7) bestinn aus:
- jeeweils 8 Elementer aus den Haaptgruppen;
- an de Periode 4 bis 7 kommen nach jeeweils zéng Elementer aus den Niewegruppen derbäi;
- déi 6. Period huet nach zousätzlech 14 Lanthanoiden;
- déi 7. Period nach 14 Actinoiden.
Reegelen a Gesetzer
[änneren | Quelltext änneren]Bannent enger Period gëtt den Atomradius vu lénks no riets gemenkerhand méi kleng an d'Elektronegativitéit geet erop, well d'Zuel vun de positiv geluedene Protonen am Kär eropgeet, an domat an engem neutralen Atom och d'Zuel vun den negativ geluedenen Elektronen an der Atomschuel.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Period vum Periodesystem – Biller, Videoen oder Audiodateien |