Perm (Stad)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der russescher Stad Perm. Fir aner Bedeitunge vum Begrëff, kuckt wgl. Perm.
Perm
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Regioun
Regioun Perm
Gegrënnt 1723
Awunner 1.027.153 (1. Januar 2023)
Fläch 798
Koordinaten 58°0'50"N, 56°14'56"O
Zäitzon UTC+5
Telefonszon 342
Postcode 614000–614999
Websäit http://www.gorodperm.ru/


Perm (Пермь) ass d'Haaptstad vun der Regioun Perm a Russland. Si läit westlech kuerz virum Ural, um Floss Kama souwéi un der Transsibirescher Eisebunn. Et huet bal eng Millioun Awunner.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Wassili Tatischtschew, dee vum Zar Péiter de Groussen geschéckt gouf fir Uralgéigend z'entwéckelen, huet Perm 1723 gegrënnt, grad wéi och eng aner Grousstad an där Géigend, Jekaterinburg. D'Gebitt vu Perm huet sech ugebueden, well do Kofferäerz fonnt gouf an et eng gënschteg Lag huet fir den Export vu Wueren.

Den Numm kënnt aus der Finnescher oder Wepsescher[Source?] Sprooch a bezeechent ursprénglech de ganze Landstreech als "Perämaa", wat "Fäert Land" bedeit. Well de Geolog Murchison an der Permer Regioun als éischte Gestengsschichten aus der leschter Period vum Äerdaltertum fonnt huet, huet en déi Period och "Perm" genannt.

1780 krut Perm d'Stadrecht a gouf ee Joer drop d'Haaptstad vum spéidere Gouvernement Perm.

Perm huet sech duerno gutt entwéckelt, zënter Enn vum 18. Jh. als Haaptsëtz vum uralesche Biergbau an zënter Mëtt vum 19. Jh. als bedeitensten Handelszentrum vum Ural. Dat gouf méiglech wéinst der gudder Verkéiersinfrastruktur, mat der Schëfffaart iwwer d'Kama, der Lag op der éischter grousser West-Ost-Achs, dem Sibireschen Trakt, a spéider als Gare vun der Eisebunnsverbindung tëscht dem Westen an dem Osten. Sou gouf Perm als Paart an den Ural an a Sibirien bezeechent.

Am 20. Jh. huet Perm sech zu engem Industriezentrum entwéckelt, virun allem vun der Schwéierindustrie.

Nom Ausbroch vum russesche Biergerkrich hunn déi béid Säiten no Perm geglëscht wéinst senge Munitiounsfabrécken. De 25. Dezember 1918 huet d'sibiresch Wäiss Arméi Perm eruewert, mä den 1. Juli 1919 gouf d'Stad vun der bolschewistescher Rouder Arméi zeréckeruewert.

Nodeems 1938 d'Nopeschstad Molotow als neie Staddeel Motowilicha dozoukoum, huet déi ganz Stad sech tëscht 1940 an 1957 Molotow genannt (Молотов, nom Wjatscheslaw Molotow).

Am Zweete Weltkrich war d'Stad e wichtegen Zentrum fir d'Artillerieproduktioun. Och herno waren d'Rëschtungsbetriber weider wichteg, sou datt Perm wärend dem ganze Kale Krich bis 1991 eng fir Auslänner verbuede Stad war. De Passage mat der Transsibirescher Eisebunn war awer méiglech.

Nom Enn vun der Sowjetunioun ass Perm relativ gutt duerch d'1990er Jore komm, a konnt seng Positioun als Industriezentrum souguer liicht ausbauen. D'Bevëlkerungszuel war zwar vun 1989 bis 2009 réckleefeg (vun 1.090.944 erof op 985.794), mä huet duerno nees zougeholl an ass rëm iwwer eng Millioun geklommen (2016 louch se bei 1.041.876).

Stadbezierker (Rajonen)[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad ass administrativ a siwe Bezierker ënnerdeelt.

Administrativ Ënnerdeelungen
Rajon Russeschen Numm Ofleedung Awunner
1. Januar 2004
Awunner
1. Januar 2009
Dserjinski Дзержинский район Feliks Dserjinski 152.500 149.559
Industrialny Индустриальный район Industrialiséirung vun der Sowjetunioun 159.700 160.403
Kirowski Кировский район Sergei Kirow 123.105 125.338
Leninski Ленинский район Wladimir Lenin 56.400 50.670
Motowilichinski Мотовилихинский район Floss Motowilicha, Niewefloss vun der Kama 176.000 179.117
Ordjonikidsewski Орджоникидзевский район Grigori Ordjonikidse 111.300 112.274
Swerdlowski Свердловский район Jakow Swerdlow 212.600 210.666

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Perm ass haut e wichtegen Industriezentrum, dee méi produzéiert wéi aner souguer méi grouss Stied am Ural, wéi Jekaterinburg, Tscheljabinsk an Ufa. Haaptberäicher si Fligerturbinen (Perm Engine an Awiadwigatel), Pëtrol a Gas Raffinerien (Lukoil), Maschinnebau, Motorseeën, Chimie, Holzveraarbechtung (och fir Pabeier), elektresch Kabelen (KamKabel) an Elektronik. Um Gebitt vu Perm läit och d'hydroelektresch Zentral vun der Kama (Камская ГЭС).

Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Perm – Biller, Videoen oder Audiodateien