Persepolis

Vu Wikipedia
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Persepolis
Land Iran
Koordinaten ° ’ ’’ N
      ° ’ ’’ O
Fläch 12,5 ha
Statut UNESCO Weltierwen
Datum vum Bau 520 v. Chr.
Ofgerappt oder zerstéiert 330 v. Chr. (julianesch)

Persepolis (nei-persesch تخت جمشيد Tacht-e Dschamschid, "Troun vum Dschamschid"; alpersesch: Parsa) war eng vun den Haaptstied vum antike Perserräich ënner den Achemeniden. Se gouf 520 v. Chr. vun Dareios I. am Süde vum Iran, an der Regioun Persis gegrënnt, eng 60 km nordëstlech vun der haiteger Stad Shiraz.

Virdru war d'Residenz zu Pasargadae, eng 50 km ewech vun do. Persepolis läit am Marwdascht-Flaachland, um Fouss vum Bierg Kuh-e Mehr, a gouf op enger 15 Hektar grousser Terrass, déi dofir ugeluecht gouf, gebaut. Am ganz goufen do ënner dem Dareios I. a sengen Nofollger, ë. a. dem Xerxes I., dem Artaxerxes I. an dem Artaxerxes II. 14 Gebaier opgeriicht. Direkt nieft der Terrass stounge weidert Palaisen. 330 v. Chr. huet den Alexander de Groussen Persepolis zerstéiert. Et gouf awer deelweis nees opgeriicht, an d'Reschter dovu kënne bis haut besicht ginn. Si si gutt erhalen, well mat der Zerstéierung och de Bewässerungsssystem futti gemaach gouf, a sou an der Zäit dono d'Gemaiers vu Wüstesand zougedeckt gouf.

Persepolis steet zanter 1979 op der Lëscht vum UNESCO-Weltierwen.

Den Numm "Persepolis" kënnt vun de Griichen hir an heescht "Stad vun de Perser". De perseschen Numm bezitt sech op den Dschamschid, e mythologesche persesche Kinnek.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Persepolis – Biller, Videoen oder Audiodateien