Op den Inhalt sprangen

Peter Dussmann

Vu Wikipedia
Peter Dussmann
Gebuer 5. Oktober 1938
Rottweil
Gestuerwen 26. September 2013
Monaco
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Geschäftsmann
Gielercher Verdienstkreuz 1. Klasse

De Peter Karl Dussmann, gebuer de 5. Oktober 1938 zu Rottweil, a gestuerwen de 26. September 2013 zu Monaco, war en däitsche Geschäftsmann an Entreprener, a Grënner vun der Dussmann Group.

Nodeems hien an der Vente vun e puer Entreprise geschafft hat, huet hien 1963 zu München de Peter Dussmann Heimpflegedienst gegrënnt. Lues a lues huet hien d'Clientèle vu senger Entreprise, vu Privatleit op Entreprisen, wéi z. B. Spideeler, ausgebaut. Hien huet fréi Mechaniséierungs- a Rationaliséierungsmethoden agesat. 1975 hu schonn iwwer 100 Spideeler op seng Botzservicer zeréckgegraff.[1]

Vun 1966 bis 2002 war hie President vun der Dussmann Group. Zanter 1968 huet hien och an d'Ausland expandéiert[1]. 2013 waren dat ronn 60.000 Beschäftegter an 21 Länner[2][1]

Ausserdeem gouf d'Palett vun de Servicer ausgebaut: nieft dem Botze vu Gebaier si Sécherheetsdéngschter, Catering, an den Ënnerhalt vun der Technik vu Gebaier derbäikomm. Iwwer eng Bedeelegung an der Firma Kursana zielt och d'Bedreiwe vu Fleegeheemer derzou. Ausserdeem bedreift d'Dussmann-Group zanter 1994 zu Berlin an der Friedrichstraße d'Kulturkaufhaus Dussmann. Och de Sëtz vun der Firma ass do dran.[2]

No engem Hiereschlag, 1999, huet de Peterr Dussmann sech schrëttweis aus der Direktioun vu senger Entreprise zeréckgezunn.

D'Dussmann Group ass zanter 1978 zu Lëtzebuerg aktiv a beschäftegt do iwwer 4.700 Leit. Si huet hire Sëtz zu Conter, nieft Filialen zu Biissen an zu Beggen, a bitt Servicer an de Beräicher Botze vu Gebaier, Sécherheetstechnik fir Gebaier, Botzerei vun Textilien a Catering (Kantinnen) un.[3] Am Business Park zu Conter gouf dunn och d'Plaz virum Firmesëtz nom Peter Dussmann genannt (Square Peter Dussmann).

 Commons: Peter Dussmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Alfons Frese: Nachruf Peter Dussmann. Ein Meister des Einfachen. tagesspiegel.de, 26. September 2013.
  2. 1 2 Unternehmerlegende: Peter Dussmann im Alter von 74 Jahren gestorben. spiegel.de, 26. September 2013.
  3. Über Dussmann Luxemburg. dussmann.lu, nogekuckt: 02.10.2025.