Peter Sutherland

Vu Wikipedia
Peter Sutherland
Peter Sutherland (1985).jpg
Gebuer 25. Abrëll 1946
Dublin
Gestuerwen 7. Januar 2018
Dublin
Nationalitéit Irland
Educatioun University College Dublin
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Diplomat
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Peter Denis Sutherland, gebuer de 25. Abrëll 1946 zu Dublin, an och do de 7. Januar 2018 gestuerwen[1], war en iresche Politiker. Hie war vun 1985 bis 1989 Europäesche Kommissär fir Konkurrenz a war bis zu sengem Doud Envoyé spécial fir Migratioun vun der UNO.

Vun 1981 bis 1982 a vun 1982 bis 1984 war de Sutherland Attorney General (Procureur général) vun Irland. Dono war en an der Kommissioun Delors I vun 1985 bis 1986 Kommissär fir den Emploi, sozial Affären a Chancëgläichheet, a vun 1985 bis 1989 Kommissär fir Konkurrenz. Vun 1993 bis 1995 war de Sutherland dee leschte GATT-Generaldirekter an éischte Generaldirekter vun der Welthandelsorganisatioun (en.: WTO/fr.: OMC).

Vun 1995 bis 2015 war de Sutherland President vum Conseil vun der Investmentbank Goldman Sachs,[2] an ë. a. och vu BP (1997 bis 2009), ABB an der Royal Bank of Scotland.

Hie war och Envoyé spécial fir Migratioun bei de Vereenten Natiounen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Former attorney General Peter Sutherland dies aged 71
  2. Goldman Sach’s City grandee Peter Sutherland bows out , thetimes.co.uk vom 21. Mai 2015