Op den Inhalt sprangen

Philippe-Christophe Wurth

Vu Wikipedia
Philippe-Christophe Wurth
Gebuer 7. Juni 1787
Gestuerwen 19. Mee 1861
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Händler, Politiker
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

De Jean-Philippe-Christophe Wurth (oder Würth), gebuer de 7. Juni 1787, a gestuerwen den 19. Mee 1861[1], war e lëtzebuergeschen Händler a Politiker aus der Stad Lëtzebuerg.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Philippe-Christophe Wurth war dat zwieleft vun den 13 Kanner vun der Koppel Wurth-Saurbron. Hie war Besëtzer vun engem Kreemchesbuttek, Eck Plëss d'Arem an Dräikinneksgaass an der Stad, a vun zwou Fabrécken (zu Éibeng an a Clausen).

1834 gouf e Member vum Conseil de Régence vun der Stad Lëtzebuerg a gouf do 1837 Schäffen.

Hie war vum 7. Juni 1842 bis de 7. Abrëll 1847[1] Deputéierte fir de Kanton Capellen an der Assemblée des États.[2]

Zesumme mam Charles-Gérard Eyschen an dem Michel Jonas huet hienn 1848 d'Luxemburger Wort gegrënnt an hat de gréissten Deel vun den Aktië vun der Zeitung.[1]

Hie war ë. a. och President vun der Commission administrative des hospices civils, stellvertriedende Riichter um Friddensgeriicht, Vizepresident vun der Chambre de commerce, déi 1841 gegrënnt gouf, President vun der Société de St-Boniface a vum Pius- und Bürgerverein, Matgrënner a Vizepresident vum Vinzenzverein an éischte President vun der Männersektioun vun der Association de la Ste-Famille. [1]

De Wurth war mat der Marie-Catherine de la Chapelle bestuet.

  • Chevalier dans l'ordre du Lion néerlandais[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 5 Pioniere im Dienste der Kirche und der Katholiken Luxemburgs: Jean-Philippe-Christophe Würth. In: Luxemburger Wort, 131. Jg., n° 68 (23.03.1978), p. 28 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]
  2. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.1a0.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.