Op den Inhalt sprangen

Philippe Bastian

Vu Wikipedia
Philippe Bastian
Gebuer 8. Februar 1885
Gréiwemaacher
Gestuerwen 11. Juli 1933
Alter 48 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Politiker

De Philippe Jacob Bastian, gebuer den 8. Februar 1885 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 11. Juli 1933, war e lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.[1]

De Philippe Bastian huet no sengem Medezinstudium seng Praxis als Hausdokter zu Esch-Uelzecht am Quartier opgemaach.

Vun 1924 bis 1928 war hie Member vum Escher Gemengerot (Aarbechterpartei). Hien huet sech fir d'ëffentlech Gesondheet agesat a war Matgrënner vum Escher Spidol.

Vun 1929 bis zu sengem Doud war hien Direkter vun der Ligue luxembourgeoise contre la tuberculose. Ausserdeem huet hie sech am Turnsport engagéiert, wou e vun 1924 bis 1931 President vun der Fraternelle war an zwee Joer méi laang och nach President vun der Association des gymnastes du Bassin minier.

Den Dr. Philippe Bastian ass 1933 am Alter vun 48 Joer un enger schwéierer Krankheet gestuerwen a gouf zu Gréiwemaacher begruewen.

Hie war mat der Sophie Sucker bestuet a Papp vun engem Jong.[2]

Éierung a Gielercher

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.28-29.
  2. 1 2 Avis Mort. 2 Page 7. In: Luxemburger Wort, 1933. Jg., nº 194 (13.07.1933), p. 7. (Digitised by the National Library of Luxembourg).
  3. Rue Dr Philippe Bastian, L-4045