Philippe Matsas

Vu Wikipedia
Philippe Matsas
Gebuer 1962
Aktivitéit visuelle Kënschtler

De Philippe Matsas, gebuer den 20. Oktober 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf.

Hie lieft a schafft zanter 1987 zu Paräis. Seng Reportagen a Portraite vu Perséinlechkeeten (Schrëftsteller, Philosophen, Schauspiller, Museker, asw.) goufen an Zeitungen an Zäitschrëften ewéi Elle, Figaro Magazine, Paris Match, Le Point, L'Express, Stern oder Die Zeit publizéiert.[1]

De Philippe Matsas ass Grënnungsmember vun der Agence Opale, déi sech op Portraite vu Schrëftsteller spezialiséiert huet.


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Kuerzbio op photography-now.com; gekuckt 2022-08-30.