Philippe Maystadt

Vu Wikipedia
Philippe Maystadt
Gebuer 14. Mäerz 1948
Petit-Rechain
Gestuerwen 7. Dezember 2017
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léiwen,
Universitéit vun Namouer
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Banquier, Politiker, Affekot, Jurist, Financier
Partei Centre démocrate humaniste

De Philippe M.P.J. Maystadt, gebuer de 14. Mäerz 1948 zu Petit-Rechain, a gestuerwen de 7. Dezember 2017, war e belsche Politiker (cdH) an zanter 1989 Professer op der Université catholique de Louvain (Louvain-la-Neuve). Vum 1. Januar 2000 bis 31. Dezember 2011 war hie President vun der Europäescher Investitiounsbank (EIB).

De Maystadt war vun 1977 bis 1991 an 1998 bis 1999 Member vun der belscher Chamber, a vun 1980 bis 1995 vum Conseil vun der Franséischer Communautéit.

Hie hat tëscht 1980 an 1998, mat Ënnerbriechungen, eng ganz Rëtsch Ministeschposten an der federaler Regierung, ë. a. fir ëffentlech Verwaltung an Ekonomie, fir de Budget, Recherche a Finanzen; hie war Wirtschaftsminister, Vizepremier, Ausseminister, Finanzminister a Minister fir Aussenhandel. Hien hat weiderhi verschidde Posten a senger Partei an an der Verwaltung vun der Wallonie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Philippe Maystadt – Biller, Videoen oder Audiodateien