Chappuis Philippe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Philippe chappius)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Merge-arrow.gif Opgepasst: dësen Artikel ass en Doublon vum Artikel Zep. D'Informatiounen aus dësem Artikel sollen dofir an deen aneren agebaut ginn.
Et ass net ubruecht fir hei nach weider drun ze schaffen, well en no der Fusioun geläscht gëtt.
Wann Dir Problemer beim Uleeë vun Artikelen oder beim Sichen no engem Lemma hutt, da wennt Iech un aner Mataarbechter fir Hëllef ze kréien, oder stellt Är Fro um Staminee.
Philippe Chappuis am Joer 2017 zu Frankfurt

De Philippe Chappuis ass den 15. Dezember 1967 zu Onex (an der Schwäiz) gebuer. Hien ass net nëmmen Auteur, mee och Comiczeechner. Säi wuel bekanntstent Wierk ass „Titeuf“. Bekannt ginn ass hien ënnert dem Pseudonym „Zep“. Hautdesdaags gehéiere seng Figuren zu deene meeschtverkaaften franséische Comic-Serien allerzäiten. Seng Comicen gi net nëmmen op Franséisch, mee och op Englesch, Däitsch, Spuenesch, Italienesch, Portugisesch, Chinesesch, Tschechesch, Türkesch an Hebräesch. D'Zil vum Zep ass et, Sujeten wéi Sexualitéit, Kannergebuertsdeeg, Handyen an Hoerausfäll an d'Lächerlecht ze zéien.
[1]

Säin Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vun engem Polizist an enger Néiesch huet de Philippe Chappuis scho fréi seng Leidenschaft fir d'Molen vu Comicen entdeckt. Hien ass a bescheidenen, mee net aarme Verhältnisser opgewuess. Ugefaangen huet alles mat engem Portrait vu sengem Monni, dee seng Elteren sou authentesch fonnt hunn, dass si en un de Frigo gehaang hunn. Laut dem Philippe Chappuis war dat fir hien wéi e Bild am Louvre.[2] Figure wéi den Donald Duck, de Lucky Luke an de Gaston Lagaff stellen fir hien keen Hindernis duer. Mat 12 Joer huet hie säin éischten eegene Comic-Magazin ënnert dem Numm ZEP erausbruecht. Seng Elteren hate näischt géint dem Philippe Chappuis seng Passioun, mee si hunn op e Studium gehalen, vu dass si dësen ni konnten ugoen. Iwwerraschend war et du fir si, wéi hire Jong gesot huet, hie géing d'Schoul ofbrieche fir Comicen ze zeechnen, mee si stoungen hirem Jong senger Passioun an sengem Wëllen net am Wee. Mat 15 Joer huet hie fir 1 Joer d'Schoul opgehalen ze besichen an ass der „école des Arts décoratifs“ zu Genève (haut CFP Arts Genève) bäigetrueden. Soubal hie fäerdeg war mat sengen Etüden huet hie seng Déngschter diverse lokalen Zeitungen ugebueden. A verschiddenen Zeitungen krut hien d'Méiglechkeet säi Kënnen ze beweisen. 1958 gouf hie vum „Journal de Spirou“ engagéiert. An dësem huet hien tëscht 1987 an 1991 seng éischt Serie mam Numm „Victor“ erausbruecht. [3]

Am Joer 1999 huet sech de Philippe Chappuis mam Hélène Bruller bestuet. Zësumme mat senger Fra schafft den Philipppe Chappuis un diverse Comicen, wéi zum Beispill dem „Titeuf“. Nieft verschiddensten Auszeechnungen krute si 1996 de Präis „Alph’Art Jeunesse“ um „Festival International de la Bande Dessinée d’Angoulême“ vun enger Kannerjury iwwerreecht. [4]

Déi franséisch Post huet 2005 zu Eieren vum Philippe Chappuis 3 Timberen op de Marché bruecht.

De Mariage huet am Ganzen 12 Joer gedauert, bis déi zwee am Joer 2011 d'Scheedung agereecht hunn.

2013 bestuet hie sech nei mam Mélanie Chappuis. Si ass eng schwäizer Schrëftstellerin.

Hien ass Papp vun 3 Kanner am Alter vu 7, 10 a 16 Joer. Si ware net ëmmer dem Titeuf seng treiste Fans. Oftmools ware si genervt, wann hire Papp iwwerall als dem Titeuf säi Papp virgestallt gouf. Ee vun de Bouwen war eng Kéier der Meenung, dass hien den Titeuf haasse géif. Dëst war awer just eng Phase, déi séier rëm eriwwer war.

Nieft dem Zeechnen komponéiert de Philippe Chappuis Musek a spillt Gittar. Säi Liblingsmuseksgenre ass Rock. [5] [6] [7]

Eegenen Aussoen no ass de Philippe Chappuis brav, mee hie léisst sech näischt verbidden a kee Blat virun de Mond leeën. Haut nach ass hien der Meenung, dass een et als Erwuessene besser huet, well hien elo méi liicht selwer entscheede kann, ob ee mat enger Persoun wëll zësumme liewen oder schaffen, net wéi deemools an der Schoul. Do hat ee Leit, mat deenen hie gutt eens gouf a mat anere manner, an dach koum hien hinnen net sou einfach aus de Féiss.

Trotz sengen diversen Opklärungen iwwer Sexualitéit a Problemer, déi een am jonken Erwuessenenalter huet, gesäit de Philippe Chappuis sech selwer net als Pedagog.

Den Pseudonym Zep[änneren | Quelltext änneren]

Scho säit senger Kandheet publizéiert de Philippe Chappuis ënnert dem Pseudonym Zep. Hiergeleet gouf dës Kennung aus dem Numm vun der brittescher Rockband Led Zeppeline[8], di 1968 gegrënnt ginn ass. Dem Philippe Chappuis seng éischt Beruffswiel war et Rockstar ze ginn an sou ass et him net schwéier gefall sech säi Pseudonym aus den Ufanksbuschtafen vu Zeppeline ze bastelen. Fir sengen Idoler sou no wie méiglech ze stoen, huet hie bereets an sengen jonken Joren (12 Joer) seng éischt Zeitung „Zep“ genannt an ass och dunn bei deem Pseudonym bliwwen. An nach haut weess jiddereen eppes mat sengen Publikatioune vun deemools unzefänken. Dat wuel bekanntstent Wierk wat den Zep publizéiert huet, ass an wäert den "Titeuf" bleiwen.

Titeuf[änneren | Quelltext änneren]

Logo vun Titeuf

De 17. Mäerz 1992 ass den Titeuf gebuer. Ee vun sengen éischten Atelien war nieft engem Schoulhaff vun enger Schoul. Opgrond vun dem immense Kaméidi an den Pausen, konnt hie sech an den Pausen net méi konzentréieren an sou huet hien ugefaangen, den Kanner am Haff nozekucken. Ufangs war hie just eng Figur am Tagebuch verschiddenster Kandheetserënnerungen, déi den Philipphe Chappuis néier geschriwwen huet. Ugangs huet den Titeuf Charakterzich vum jonken Zep verkierpert an ëmmer méi guffen et dem Zep seng Kannergeschichten, déi hien an senger Figur weiderliewen gelooss huet. Am Interview vun „SRF“ sot den Philippe Chappuis, dass den Titeuf him et géing erméigleschen, seng Kandheet ze verlängeren. Eréischt wie den Titeuf 5 Joer krut, huet den Zep konnten vir sech behaapten, dass säi Wierk e Succès duerstellt. [9]

Den Titeuf ass e jonken Spëtzbouf, deen gezeechent ass duerch säi Putsch Hoer an senger Krausel um „Eeërkapp“. Dëst ass och den Grond firwat den Zep seng Figur Titeuf genannt huet: Titeuf – tête d’oeuf (Eeërkapp). D' Figur huet eng sou simpel Frisur well den Zep sech net all ze laang wollt mat dem Zeechnen vun den Hoer beschäftegen an mat Hëllef vun dësem iwwergrousse Putsch Hoer ass den Titeuf souguer aus ganz groussen Distanzen einfach ze erkennen. Mat Hëllef vun senger Frisur, dréckt den Zep dem Titeuf seng Gefiller aus. Ass den Jong gutt gelaunt, sou steet seng Frisur monter an den Himmel, an ass en traureg, sou hänkt seng Frisur traureg nieft dem Kapp erof. [10]

Gekleet ass hie mat engem mofen T-Shirt, enger weißer Box an rouden Turnschong vun der Mark "Nike".

Hien beschäftegt sech mat den Gefiller an den Problemer wéineg, déi éischt grouss Léift mat sech bréngt. Ëmmer rëm tauchen hien an seng Kolleegen (Manu, Hugo an François) an d'Welt vun den Erwuessenen. Haaptthemen vun hiren Diskussioune sin: Sex, Meedercher (di vir si en onerfuerscht Mysterium duerstellen), Verféierung an Nadia (em Titeuf seng Häerzensdamm). Den Zep scheit net derfir zeréck, seng Figuren onbeschimmt an der Nues wullen, fuerzen an räpsen ze lossen. Feelt en Wuert am Zep sengem Wuertschatz, respektiv gëtt et een nach net, sou erfënnt hien einfach en neit Wuert an léisst et an dem Titeuf säin Wuertschatz afléissen.

Nach haut gëtt ëm Titeuf säi Buch iwwert d'Opklärung vun der Sexualitéit an den Schoulen am Sexualunterrecht genotzt.

Opgrond vun sengem immensen Succès ass den Titeuf ab dem Joer 2001 net nëmmen eng Haaptfigur an engem Comic mee och an engem Zeechentrickfilm.

2011 war den Titeuf di éischten Kéier op der Kinoleinwand. Am Ganzen dauert de Film 87 Minutten an ass net nëmmen am 2D mee och am 3D ze kréien. Trotz dem Succès vum Film, ass dësen net 1 zu 1 dat selwecht wéi den Zeechentrickfilm.

Am Ganzen si 14 Bänn vum Titeuf erauskomm, di iwwer 20 Miliounen mol verkaaft guffen.

Haut ass den Titeuf 27Joer al. Ëmmer rëm ginn et divers Ausstellunge vum Zep an Titeuf. (déi läscht war am Summer 2018 zu Courage) Laut dem Zep kann hien et sech gutt virstellen, den Titeuf iergendwann am héijen Alter ze presentéieren. Wat op keen Fall och dann net duerf feelen: säin Markenzeechen, seng Hoer.

Zu Éieren vum Titeuf gouf zu Courage an der Schoul eng bronze Statur vun him opgeriicht, di 100kg weit an 140 Zentimeter grouss ass.

„fun fact“: An dem Zep senger Schoul gouf et en Meedche, wat Nadia geheescht huet. Hien, wi och vill aner Jongen, waren an hatt verléift. Hatt gëllt souzesoen als seng Muse vir em Titeuf säi Nadia.

Em Zep seng Happy-Rei ab 2009[änneren | Quelltext änneren]

Säit 2009 publizéiert de Zep ëmmer rëm Wierker a senger „Happy“-Rei. Nieft den Happy Girls (2010), dem Happy Rock (2010) an den Happy Partens (2014) sinn och den Happy Sex 1 (2009) an den Happy Sex 2 (2019) erauskomm.

Happy Sex gehéiert, nieft dem Titeuf, zu deenen meeschtverkaaften Wierker, di de Zep verëffentlecht huet.

Den eenzegen Ënnerscheed tëschent dem Titeuf an dem Happy Sex ass, dass den Happy Sex sech gezielt un erwuesse Leit riicht. Net vill anescht wéi am Titeuf, behandelt de Zep Thema Sex ouni en Blat virun den Mond ze huelen. Op lëschteg an humorvoll Aart an Weis präziséiert hien sexuell Erliefnisser an di domatt verbonne Pannen.

Tëscht all den Stripen wiesselen Figuren. All gesinn se anescht aus, di eng hunn kleng Stuppsnuesen an di aner grouss Nuesen. Dëst soll bewierken, dass den Lieser vum Comic sech besser mat den Figuren identifizéieren kënnen an vir ze weisen, dass et jiddereen kann treffen.

Just am Ufank vun all Stript sinn Figuren ëmgi vun engem Hannergrond, duerno fält dësen ewech. Dëst léisst Figuren am Virdergrond stoen an en Oflenken vum Hannergrond ass net méiglech.

Laut dem Zep selwer si seng Bicher aus der Happy-Rei definitiv keng Ratgeber vir d'Gesellschaft. Eescht ze huelen sinn all dës Wierker net. Si dengen einfach der Behandlung vun deenen verschiddenen Themen op eng lëschteg Aart an Weis. „An den Zeechnungen kann een alles verschaffen woufir een keng Wieder fënnt.“

Paris 2119[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll 2019 huet den Verlag Schreiber & Leser e Comic, geschriwwe vum Dominique Bertail an gemoolt vum Zep, erausbruecht. An dësem Comic geet et drëms, dass d'Leit opgehal hunn ze reesen. Dat villt Reesen huet Mënschen an Natur ze vill belaascht. Neimoudesch Technologien erméiglechen den Mënschen elo, sech mat Hëllef vun engem Transponder ze verschécken. All sinn se gefaangen an dëser Welt, bis op den Tristan. Hien ass almoudesch an mësstraut deem Ganzen. Am Laf vun der Geschicht soll sech erausstellen, dass hie guer net sou Onrecht huet.

An dësem Comic gesäit ee gutt d'Evolutioun vum Zeechnen vun den Comicen. Alles ass immens realistesch an fiktional gehalen. Gezeechent goufen Biller haaptsächlech an Gro-, Blo- an Brongtéin.


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. https://www.tagesspiegel.de/kultur/comics/bestseller-konkurrenz-fuer-asterix/1387130.html Zougrëff: 05. Dezember 2019
  2. https://tageswoche.ch/politik/comic-zeichner-zep-titeuf-macht-vieles-wofuer-ich-als-kind-zu-schuechtern-war/ Zougrëff: 13. Dezember 2019
  3. http://www.zeporama.com/biographie.html Zougrëff: 05. Dezember 2019
  4. https://fr.wikipedia.org/wiki/Zep Zougrëff: 05. Dezember 2019
  5. https://www.youtube.com/watch?v=8Gb_lZttwlE Zougrëff: 10.Dezember 2019
  6. https://www.youtube.com/watch?v=5_GC39Cdd0c Zougrëff: 10.Dezember 2019
  7. https://www.youtube.com/watch?v=vzwsRhKjTxY Zougrëff: 10. Dezember 2019
  8. https://www.dw.com/de/vor-50-jahren-die-geburtsstunde-von-led-zeppelin/a-45381498 Zougrëff: 05.Dezember 2019
  9. https://www.lambiek.net/artists/z/zep.htm Zougrëff: 10. Dezember 2019
  10. https://www.bernerzeitung.ch/magazin/zeps-wundervolle-welt-der-sprechblasen/story/27742480 Zougrëff: 12. Dezember 2019