Phoebe-Rank

Vu Wikipedia
Eng Illustratioun vum Saturn an dem Phoebe-Rank mat den dräi Mounden Phoebe, Iapetus an Titan.

De Phoebe-Rank ass de gréisste Rank vum Saturn. De Rank gouf am Joer 2009 mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop entdeckt, méi genee gouf hien eréischt vun engem Team ëm den Douglas P. Hamilton ënnersicht. Dobäi goufen d'Date vum WISE-Teleskop benotzt, dat 2010 an 2011 Infraroutënnersich gemaach hat.

De Rank huet en Duerchmiesser vun 32,6 Millioune Kilometer respektiv 0,24 A.E.. Säi bannenzege Radius ass noweislech 6 Millioune Kilometer, hie kéint awer och hallef sou grouss sinn. D'Déckt ass 2,4 Millioune Kilometer. Als Quell fir d'Rankpartikele gëllt de Saturnmound Phoebe. De Mound ass villen Aschléi ausgesat a wéinst der klenger Schwéierkraaft entfléie bei den Aschléi Partikelen aus dem Schwéierfeld vum Mound. D'Deelercher gi vum Stralungsdrock a wéinst dem schwaache Poynting-Robertson-Effet a Richtung Saturn gedréckt. D'Partikelen treffen dann op d'Mounde Iapetus, Hyperion an Titan a ginn als Ursaach fir déi eesäiteg Schwaarzfierwung vum Iapetus' ugesinn. Och den Hyperion gëtt warscheinlech vun deenen Deelercher verdonkelt. Den Titan dogéint schéngt all d'Deelercher opzehuelen, well hien eng relativ héich Schwéierkraaft huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Spektrum de der-phoebe-ring-um-saturn-ist-noch-gigantischer


Commons: Phoebe Ring – Biller, Videoen oder Audiodateien