Pierre-Joseph Redouté
Pierre-Joseph Redouté | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
10. Juli 1759 Saint-Hubert |
Gestuerwen |
19. Juni 1840 Paräis |
Nationalitéit | Südlech Nidderlanden, Frankräich |
Aktivitéit | Botaniker, Moler, Graveur, Editeur, Illustrateur, Zeechner |
Famill | |
Geschwëster | Henri-Joseph Redouté |
De Pierre-Joseph Redouté (10. Juli 1759 zu Saint-Hubert am deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg - 19. Juni 1840 zu Paräis) war e Moler.
Liewen[änneren | Quelltext änneren]
Dem Redouté säi Léiermeeschter war de Jean-Louis Gilson, méi bekannt als Brudder Abraham vun Orval. No senger Léierzäit huet hie sech an der Stad Lëtzebuerg néiergelooss, wou e sech als Portraitsmoler en Numm gemaach huet. D'Baronne de Tornaco huet hien un den Haff vu Versailles recommandéiert. 1792 huet d'Marie-Antoinette, där en Zeechecoursë ginn huet, hien zu hirem Peintre de la Cour gemaach. De Redouté huet sech vun do u méi mat Blummen ofginn. Virun allem Aquarellen huet hie gemoolt. Vun de ronn 50 Planchë fir de Paräisser Botaniker Lhéritier sinn der eng Rëtsch als Albumen erauskomm; een iwwer Rousen an een iwwer Lilien.
Och nom Doud vun der Marie-Antoinette, ass hie spéider nees Haffmoler ginn, beim Napoléon, an och duerno.
1840 ass de Pierre-Joseph Redouté zu Paräis gestuerwen an um Père Lachaise-Kierfecht begruewe ginn.
Hien ass de Brudder vum Henri-Joseph Redouté.
Éierungen[änneren | Quelltext änneren]
Nom P.-J. Redouté si genannt:
- eng Schoul zu Anderlecht (Bréissel): den Institut Redouté-Peiffer
- eng Strooss zu Beggen an der Stad Lëtzebuerg (PLZ 2435)
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Pierre-Joseph Redouté [Ed. Petra Lamers-Schütze ; Ines Dickmann]: The Roses, Taschen: Köln u.a., 1999. ISBN 3-8228-6629-6
- Pierre-Joseph Redouté [Ed. Thierry Nebois]: The Lilies, Taschen: Köln u.a., 2000. ISBN 3-8228-6407-2
- Champignons du Luxembourg. Planches inédites de Pierre-Joseph Redouté (1759-1840). Manuscrit de Louis Marchand (1807-1843). - Edité par le Ministère d'Etat. Commission gouvernementale pour la commémoration du 150e anniversaire de l'Indépendance du Grand-Duché de Luxembourg; Musée national d'histoire naturelle; Société des naturalistes luxembourgeois, 1989.
Dräi Rousen, déi de Pierre-Joseph Redouté gemoolt huet[änneren | Quelltext änneren]
Rosa ×centifolia (Rosier cent-feuilles)
Rosa moschata (Rosier musqué)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Pierre-Joseph Redouté – Biller, Videoen oder Audiodateien |