Pierre Brunehaut

Vu Wikipedia
D'Pierre Brunehaut

D'Pierre Brunehaut, iwwersat de Brunhildesteen, ass e Sandsteen-Megalith aus Landener Steen, deen um Territoire vun der Uertschaft Hollain am Süde vun Tournai am Hainaut steet.

Kee Mënsch weess, wéini dee Steen dohi koum, an och net, wien e bruecht huet. Et ass e grousse platte Steen deen den héije Wee op der Gewan steet. Vum Stee kucke 4,40 Meter aus dem Buedem eraus, ongeféier 3 Meter sinn am Buedem vergruewen. De Steen ass 3 Meter breet an en hallwe Meter Meter déck. Et ass déi eelst bekannt Landmaark an der Belsch. Et gëtt keng geschichtlech Unhaltspunkten iwwer de Steen, just zwou Seeërcher, déi erzielen, firwat de Steen, deen aus enger Carrière bei Landen kënnt, déi iwwer 170 km dovun ewech ass, op d'Plaz koum.

D'Seeche vun der Muttergottes[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Kathedral vun Tournai sollt gebaut ginn, hätt d'Muttergottes wëllen den éischte Steen dohi bréngen. Wéi se awer um Wee gewuer ginn ass, datt scho mam Bau vun der Kathedral ugefaange gi war, hätt si hire Steen do stoe gelooss, an en als Sprangbriet benotzt fir zeréck an den Himmel. Eng huel Plaz am Steen gëtt als den Ofdrock vun hirem Fouss interpretéiert. Dofir gëtt de Steen och als helleg ugesinn.

D'Seeche vun der Brunhild[änneren | Quelltext änneren]

D'Brunhild war Herrscherin vun der Regioun ëm Tournai an Austrasien vu 567 bis 613. Hir Herrschaft war markéiert duerch vill Duercherneen. Si koum ëm d'Liewen, wéi ee vun hire Géigner, de Chlothar II., si gefaange geholl huet, a se plakeg 3 Deeg um Réck vun engem Kaméil an e Militärcamp transportéiert huet. Hei gouf si un e Päerd gestréckt, dat si am Galopp iwwer Wisen a Felder geschleeft huet, bis et selwer dout nieft dem zerfatzte Kierper vun der Brunhild leie blouf. De Steen wier op där Plaz opgeriicht ginn, fir un déi grujeleg Dot z'erënneren.

Geographesch Koordinaten[änneren | Quelltext änneren]

50° 31’ 34’’ N
      03° 24’ 56’’ O