Pierre Droessaert

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pierre Droessart)
Pierre Droessaert
Gebuertsnumm Peter Léon Franz Droessaert
Gebuer 30. Dezember 1923
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Dezember 1997
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

De Peter Léon Franz (Pierre) Droessaert, gebuer den 30. Dezember 1923 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 31. Dezember 1997, war e lëtzebuergesche Moler, deen och am Modelage geschafft huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Droessaert war e Jong vum Cafésbesëtzer Léon Droessaert an der Anna Baumbach.[1] No senger Primärschoul zu Bouneweg ass hien an de Kolléisch gaangen, duerno an de Stater Jongelycée, huet awer säin Ofschloss am Kolléisch gemaach.

1943 gouf hien zwangsrekrutéiert,[2] konnt sech awer 1944 erëm op Lëtzebuerg duerchschloen.

Am Abrëll 1945 huet hie sech zu Paräis an der "École nationale supérieure des beaux-arts" ageschriwwen an ass parallel dozou a Coursen am "Institut d'art et d'archéologie" gaangen.[3] 1948 goung hien hannescht op Lëtzebuerg an huet säi Stage pédagogique am Lycée de jeunes filles an am Lycée de garçons gemaach. 1953 huet hie sech mat der Musekerin Marianne Bintner bestuet.[4] D'Koppel krut dräi Kanner.

Hie war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg (CAL), wou hie vun 1974 un, un de Salonen deelgeholl huet.[5] Bis zu senger Pensioun 1986 huet de Pierre Droessaert als Zeecheprofesser am Escher Jongelycée an am Stater Kolléisch geschafft.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Droessaert ass bekannt fir seng Portraiten, seng Landschaften a seng Nature-morten.

Den Aadler um Patton-Monument zu Ettelbréck gouf vum Pierre Droessaert entworf, a vum Aurelio Sabbatini realiséiert.[6]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Gebuertsschäin n° 892, 1923.
  2. "Pierre Droessaert", Fédération des enrôles de force.
  3. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Luxembourg: Éditions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 76; Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 67.
  4. "Mariages", Luxemburger Wort, 25. Juli 1953.
  5. "Pierre Droessaert", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  6. "25. Remembrance-Day in Ettelbrück", Luxemburger Wort, 27. Mai 1978.
  7. Ordensverleihungen für das Professoren- und Lehrkorps am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1979 op der Säit 6 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. November 2022