Pierre Frieden (1837-1902)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Paschtouer Pierre Frieden. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt w.e.g. Pierre Frieden (Homonymie).
Pierre Frieden
KeeBild.jpg
Wann Dir eng fräi Foto zu dësem
Sujet hutt, déi Dir kënnt zur Verfügung stellen, da
klickt hei fir s'eropzelueden
Gebuer 25. Februar 1837
Éinen
Gestuerwen 1902
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geeschtlechen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Pierre Frieden, gebuer de 25. Februar 1837 zu Éinen[1] a gestuerwen 1902 an den USA, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen. Hie war dofir bekannt, 1869 als Paschtouer vu Maarnech an e Pedophilieskandal verwéckelt gewiescht ze sinn, deen deemools, trotz alle Versich vun der Kierch, en ze vertuschen, an dunn ze minimiséieren, héich Welle geschloen huet.

Karikatur an der Wäschfra vum 21. Mee 1870: den Abbé Frieden (2. vu riets) gëtt vun engem "Komper" vu Maarnech fortgeleet, fir de Gendaarmen z'entgoen.

Als Geeschtlechen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Frieden war den 30. August 1862 zu Tréier am Doum vum Bëschof Wilhelm Arnoldi ordinéiert ginn.[1][2] Hien ass doropshin als Kaploun am September 1862 op Nidderpallen[3] an 1863 op Jonglënster[4] geschéckt ginn. Am Juli 1868 gouf de Frieden, deen an der Tëschenzäit Kaploun zu Kaalmes gi war, zum Paschtouer vu Maarnech ernannt.[5]

Am Mee 1869 ass de Parquet vun Dikrech Uschëllegungen nogaangen, déi dem Frieden virgeworf hunn, hien hätt sech u Kanner vu Maarnech vergraff. Dee konnt awer net verhéiert ginn, well e sech duerch d'Bascht gemaach hat.

Op der Titelsäit vum Luxemburger Wort vum 13. Juli 1869 huet de Chefredakter, den Abbé Nicolas Breisdorff, dem Frieden d'Partie gehalen an als onschëllegt Affer vu "Geschwätz" duergestallt. Seng Flucht gouf souguer mat Bibelzitater justifiéiert. Seng Affer do dergéint - Heescheleit an Doléiner - goufen als "verkommen a liddereg" beschriwwen, deenen net ze gleewe wier.[6]

De Frieden, deen offiziell vun dem 21. Juli 1868 bis de 4. Juli 1869 Paschtouer zu Maarnech war,[7] ass fir d'éischt op Oochen an e Klouschter geflücht, an duerno an d'USA. Sou gouf hien 1870 vun der Cour d'assises par contumace zu liewenslaanger Zwangsaarbecht veruerteelt.[8]

De Paschtouer vu Maarnech krut vum Michel Rodange am Renert e literarescht "Denkmal" gesat:

Zu Lëtzebreg ees hunn ech
De Rousekranz gefouert,
An d'Fraen hätte gär mech
Als Heeltem ugerouert.

Du maachen se mech Schéifer
Zu Maarnech op der Strooss,
Do huet dann dack e Lämmche
Mer Läif a Séil gelooss.

A wou ech konnt erdappen
E Bëtschel an em Eck,
Do goung ech mer et schnappen
A schlefen hannert d'Heck.

A koumen d'Baure kloen,
Da sot ech: 't war de Wollef,
A foung een un ze kräischen,
Dann hunn ech alt gehollef.

Op eemol sténken d'Lompen!
'T war duerch en Heeschebouf,
Deen hat méng Grëff a Geste
Gesin, a munnech Prouf.

D'ganz Land war op de Bengen,
D'Néckloshaus an d'Geriichter,
D'Gendaarmen a vill Feeschter
An all déi schro Gesiichter.

Mäi Komper, kuckt, Här Pater,
E frumme brave Krëscht,
Dee koum mech avertéieren:
Du sinn ech dann entwëscht.

Drop huet fir mech mäi Komper
Séng Zeitonk voll geluen.
En hätt, mortjën, mam Schwieren
All Riichter bal bedruen.

E wosst der Saach mech schëlleg
A schwiert, ech wär et net;
Du koumen zwanzeg Lamer,
Déi zeien dat an dët.

Drop gouf ech du veruurtelt
In contumacium; ech duecht:
Dir kënnt mech klibbren,
Sobald ich wiedrum kumm.

De Renert, IV. Gesank, 61-100


"Fir datt de Paschtouer Frieden senger Strof entgoe kéint," schreift de Romain Hilgert a sengem Kommentar zum Renert[9] , "hu seng klerikal Komperen, Kollegen (sic) a Komplizen him eng Par zu New York an duerno zu Baltimore an Amerika verschaaft."

Als Geeschtlechen an Nordamerika[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. August 1869 koum hien an déi nordamerikanesch Missiounen. No New York a Baltimore koum hien an d'Diözes Covington an op Radway, IL. Hie war och ee Joer laang Professer am Seminär zu St. Francis. No enger Ënnerbriechung vun zwee Joer, wéinst senger schwaacher Gesondheet, war hien als Séilsuerger zu Belgium an zu Ashford an der Erzdiözes Milwaukee aktiv. 1880 gouf hie Rekter vun der Kierch vum hl. Häerz Jesu (Sacred Heart of Jesus) zu St. Francis, Milwaukee County, WI.

Dës biographesch Donnéeë stame vum Nicolas Gonner (1889). Si si spéider vun dem Paschtouer Alexander Koenig, deen ënner dem Pseudonym "Paul Felix von der Mosel" publizéiert huet, méi oder wéineger wuertwiertlech iwwerholl ginn.[10]

Méiglecherweis stëmme si awer net honnertprozenteg. Sou fënnt een, datt de Reverend Ferdinand Peter Frieden vum September 1876 bis de Mee 1877 an der St. Mary Lake Church (Belgium) aktiv war, awer och nach vum November 1878 bis de Mee 1881, wou hie laut Gonner a Koenig schonn zu St. Francis soll gewiescht sinn.[11] Den 30. November 1880 huet de Frieden zu Belgium de John Klein vun Alsdorf bei Bitburg mat der Margaret Michels bestuet.[12] Laut enger anerer Quell wir de "Father Peter Frieden" och 1871 zu Belgium gewiescht, wou hien tëscht 1871 an 1876 verschidde Kanner gedeeft, an no enger kuerzer Ënnerbriechung, am Laf vun 1877 nees do gewierkt hätt.[13]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Nicolas Gonner: Die Luxemburger in der neuen Welt. Illustrierte Neuausg. in 2 Bänden, hrsg. von Jean Ensch, Carlo Hury u. Jean-Claude Muller; unter Mitarbeit von Antoine Gonner u. Liliane Stemper-Brickler. Éditions-Reliures Schortgen, Esch/Alzette 1985, Bd. 1, S. 458.
  2. N. Gonner: Die Luxemburger in der neuen Welt: Beiträge zur Geschichte der Luxemburger, verbunden mit Rathschlägen für luxemburger Auswanderer und einer Karte der Vereinigten Staaten mit den luxemburger Ansiedlungen: Festschrift gelegentlich der fünfjährigen Unabhängigkeit des Großherzogthums Luxemburg. Dubuque: Selbstverlag des Verfassers, Dubuque, Luxemburger Gazette, 1889, S. 382.
  3. Luxemburger Wort, Nr. 151, 26. September 1862, S. 1.
  4. Luxemburger Wort, Nr. 184, 18. September 1863, S. 2.
  5. Luxemburger Wort, Nr. 172, 22. Juli 1868, S. 3.
  6. Luxemburger Wort, Nr. 162, 13. Juli 1869, S.1.
  7. M. Blum, J. Zieser & A. Koenig: Series pastorum, oder: Reihenfolge der Seelsorger der einzelnen Pfarreien des heutigen Grossherzogtums Luxemburg. Luxemburg 1930, S. 159.
  8. Marc Thiel: D'Wäschfra. Histoire d'un journal satirique. Editions forum 1993, S.130-132.
  9. Michel Rodange: Renert, de Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert. Editioun Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 1987, S. 79f.
  10. Alexander Koenig: Berühmte Moselaner aus den Kantonen Grevenmacher und Remich. Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), Grevenmacher 1920, S. 20.
  11. St. Mary Lake Church, Belgium
  12. Other Klein families
  13. The 100 Year Story of Lake Church, extracted from the Ozaukee Press 1948, by The Rev. Raynor Hausmann, Pastor of St. Mary Parish. [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • luxemburgenisa.lu - hei kënnen déi uewen ernimmte Wort-Artikele gelies ginn (en direkte Link ass net méiglech).