Pierre Hamer (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Pierre Hamer. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Hamer.
Pierre Hamer
Gebuer 25. Mee 1885
Péiteng
Gestuerwen 27. Mäerz 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Hotelier

De Pierre Joseph Hamer, gebuer de 25. Mee 1885 zu Péiteng an och do gestuerwen de 27. Mäerz 1944[1], war e lëtzebuergesche Hôtelier a Politiker.

Hie krut de 26. Dezember 1934 seng Nominatioun als Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng[2] an ass dat bis 1941 bliwwen.

Bei de partielle Chamberwale vum 3. Juni 1934 gouf hien als Deputéierte vun der Aarbechterpartei an d'Chamber gewielt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. Luxembourg, La mémoire socialiste, 329 p. (Pierre Hamer: S. 94).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Pierre Hamer am Luxemburger Wort vum 28. Mäerz 1944
  2. Publikatioun vum Arrêté ministeriell vum 26. Dezember 1934 vun der Nominatioun vun enger ganzer Rei vu Buergermeeschteren am Memorial N°73 vun 1934