Pierre Harmel
Pierre Harmel | |
---|---|
Gebuer |
16. Mäerz 1911 Uccle/Ukkel |
Gestuerwen |
15. November 2009 Bréissel |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun |
Universitéit vu Léck, Facultés universitaires Saint-Louis |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Universitéitsprofesser, Affekot |
Partei | Centre démocrate humaniste |
De Pierre Harmel, gebuer de 16. Mäerz 1911 zu Uccle a gestuerwen de 15. November 2009 zu Bréissel, war e belsche Politiker.
Hie war e Jurist (Docteur en droit), hat eng Licence a Sozialwëssenschaften an an Notariat, an huet Fiskalrecht op der Universitéit Léck ënnerriicht.
1946 ass hie fir d'éischt, fir d'PSC-CVP, an dat belscht Parlament gewielt ginn. 1949 war hien den Delegéierte vun der Belsch op der 4. UN-Vollversammlung. Hie war Minister fir ëffentlech Erzéiung (1950- 1954), Justiz (Juni bis November 1958), Kultur (1958-1960) an d'Fonction publique (1960-1961. Vum 28. Juli 1965 bis den 19. Mäerz 1966 war hie Premierminister vun der Belsch, an enger chrëschtlech-sozial-sozialistescher Koalitiounsregierung. Vun 1966 bis 1972 war hien Ausseminister.
Hien huet sech fir eng staark Verdeedegung géint, a gläichzäiteg dem Dialog mam Ostblock agesat. Déi no him genannt Harmel-Doktrin gouf zum gudden Deel vun der NATO iwwerholl. 1973 krut hien den Éierentitel Ministre d'État a gouf, fir 4 Joer, President vum Belsche Senat.
1991 huet de Kinnek Baudouin hien zum Grof geadelt.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Vincent Dujardin, Pierre Harmel, Éditions Le Cri, Bruxelles, 2004 ISBN 2-87106-350-8