Pierre Joris

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Pierre Joris, gebuer de 14. Juli 1946 zu Stroossbuerg an zu Ettelbréck opgewuess, ass e Schrëftsteller, Iwwersetzer a Kritiker. Mat 19 Joer huet hie Lëtzebuerg verlooss.

Hien huet Medezin studéiert a wunnt, nodeem en eng Zäit a Frankräich, Algerien a Groussbritannien gelieft huet, zanter 1987 an de Vereenegte Staaten.

Hie schreift haaptsächlech Lyrik, mä och Essaien a Lauschterspiller.

Mam Jerome Rothenberg huet hien d'Anthologie Poems for the Millenium erausginn. 2005 huet hien de PEN Award for Poetry in Translation fir d'Iwwersetzung vum Paul Celan sengem Gedichtsbichelchen Lichtzwang kritt, dat op Englesch Lightduress heescht.

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Seng Celan Iwwersetzungen:
    • Threadsuns / Fadensonnen, englesch/däitsch
    • Lightduress / Lichtzwang, englesch/däitsch
    • Breathturn / Atemwende, englesch/däitsch, all bei Green Integer

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]