Op den Inhalt sprangen

Pierre Joseph Augustin

Vu Wikipedia
Pierre Joseph Augustin
Gebuer 1. Abrëll 1790
Branebuerg
Gestuerwen 25. Februar 1872
Réimech
Alter 81 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter, Politiker
Fonctioun Conseiller am Staatsrot, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

De Pierre Joseph Augustin, gebuer den 1. Abrëll 1790 zu Branebuerg, a gestuerwen de 25. Februar 1872 zu Réimech,[1] war e lëtzebuergesche Magistrat, Member vum Staatsrot a Politiker.

Hie war bis zu sengem Doud Friddensriichter zu Réimech.[2]

Vun 1842 bis 1848 an dann nees vun 1857 bis 1860 war hien Deputéierten an der Chamber.[3]

Dono war hien, vum 13. Februar 1863 un, Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg.[4]

Säin Eedem war de Willibrord Macher.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De Pierre Joseph Augustin op www.deltgen.com
  2. Publikatioun an der Zeitung L'indépendance luxembourgeoise vum 14. Mäerz 1872 vum arrêté royal grand-ducal du 9 mars 1872 vum Nofollger vum verstuerwene Friddensriichter Augustin vu Réimech
  3. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot. Do gëtt säi Mandat bis de 25 September 1872 uginn, iwwer säin Doud eraus.