Pierre Joseph de Beauchamp

Vu Wikipedia
Pierre Joseph de Beauchamp
Gebuer 28. Juni 1752
Vesoul
Gestuerwen 18. November 1801
Nice
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Diplomat, Geograph


De Pierre Joseph de Beauchamp, gebuer den 28. Juni 1752 zu Vesoul a gestuerwen den 18. November 1801 zu Nice, war e franséischen Diplomat an Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war de Jong vum Affekot Xavier de Beauchamp. De 7. September 1798 gouf de Joseph Member vum Institut d'Égypte. Do gouf hien an der drëtter Versammlung der Physik-Sektioun zugedeelt.

Als fréiere Konsul vu Maskat gouf hie vum Napoleon Bonaparte mat enger Schlichtungsprozedur an der Handelsstad Maskat chargéiert. Wéi hien den 13. Februar 1799 Alexandria verlooss huet, gouf säi Schëff um Mier vun den Englänner gekapert. An der Tëschenzäit hat d'Osmanescht Räich ënner dem Drock vun der brittescher Flott viru Konstantinopel Frankräich de Krich erkläert. De Beauchamp gouf mat de franséischen Ambassadebeamten zu Konstantinopel an der Buerg mat de Siwen Tierm inhaftéiert.

Hie gouf spéider fräigelooss, ass awer kuerz no senger Heemrees a Frankräich gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Édouard de Villiers du Terrage: Journal et souvenirs sur l'expédition d'Égypte. E. Plon, Nourrit, Paris, 1899.
  • Édouard de Villiers du Terrage: L'expédition d'Égypte 1798–1801 – Journal et souvenirs d'un jeune savant. Cosmopole, Paris, 2001 an 2003,
  • Yves Laissus: L'Égypte, une aventure savante 1798–1801. Fayard, Paris, 1998.
  • Archives Nationales, AF IV 1687, dossier 2: Pièces concernant le décès et le testament de l'astronome-diplomate Beauchamp, membre de l'Institut d'Égypte. November, 1801.
  • Bibliothèque Nationale: Manuscrits, Fr. n.a. 10157 – Papiers de Beauchamp.
  • Jean-Joseph Marcel: Supplément à toutes les biographies – Souvenirs de quelques amis d'Égypte [Sulkowski, Venture de Paradis, Gloutier, Ch. Magallon, Beauchamp, Belletête, Raige]. H. Dupuy impr., Paris, 1834.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie