Pierre Medinger

Vu Wikipedia
Pierre Medinger
Gebuer 10. September 1879
Conter
Gestuerwen 3. Juni 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist
Famill
Geschwëster Paul Medinger


De Pierre Medinger, gebuer den 10. September 1879 zu Conter a gestuerwen den 3. Juni 1940 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Cheemiker a Forensiker.

Nodeems de Pierre Medinger säin Diplom als Ingénieur chimiste op der ETH vun Zürich kitt hat, huet hien e puer Joer laang als Chef de fabrication bei Outremer-Deschamps, enger Fabrick fir Ultramarinfarwen, zu Vieux-Jeand'heurs geschafft. Dono koum hien zeréck op Lëtzebuerg, wou hien 1908 an dem Staatslaboratoire, deen deemools Laboratoire pratique de bactériologie geheescht huet, ugefaangen huet mat schaffen a spéider de Chef vun der Division de chimie gouf.

De Pierre Medinger ass 1910 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn. Vun 1918 bis 1937 war hien de President vun der SNL. 1921 ass hien an d'Section des sciences vum Institut grand-ducal opgeholl ginn.

A senge Publikatiounen huet de Pierre Medinger sech e.a. mat Theemen aus dem Beräich vun der Liewensmëttel-Chimie befaasst, z. B. mat dem Muselwäin. Seng Aarbechten am Domaine vun der Chimie légale, der Balistik an der Kriminologie hunn him eng international Renommee verschaaft. Hien huet z. B. als Éischten nogewisen, datt den Ofdrock, deen de Percuteur vun enger Schosswaff op der Hüls hannerléisst, spezifesch ass a kriminologesch fir d'Identifikatioun vun der Waff verwäert ka ginn.

De Pierre Medinger war de Brudder vum Professer an Historiker Paul Medinger (1883-1939).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]