Pierre Mendès France

Vu Wikipedia
Pierre Mendès France
Gebuertsnumm Pierre Isaac Isidore Mendès France
Gebuer 11. Januar 1907
3. Arrondissement
Gestuerwen 18. Oktober 1982
16. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis,
Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Politiker, Diplomat, RIF- Resistenzler
Partei Parti républicain, radical et radical-socialiste
Member vun Franséisch Liga fir Mënscherechter
De Pierre Mendès France (1968).

De Pierre Mendès France, gebuer den 11. Januar 1907 zu Paräis an och do, den 18. Oktober 1982, gestuerwen, war e franséische Politiker.

Vum 19. Juni 1954 bis de 5. Februar 1955 war hie Ministerpresident vun der Véierter Republik.

Liewen a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Hie war studéierte Jurist a Politolog a gouf 1928, mat 21 Joer, de jéngsten Affekot a Frankräich. Véier Joer drop gouf hien als jéngsten Deputéierten an d'Nationalversammlung gewielt. 1936 gouf e Staatssekretär am Finanzministère ënnert der Front populaire-Regierung vum Léon Blum.


1947, ënner der Véierter Republik, gouf hien nees an d'Assemblée nationale gewielt. Hie war zënter 1950 e konsequente Géigner vum franséische Kolonialismus. No der franséischer Néierlag an der Schluecht vun Điện Biên Phủ géint d'Việt Minh-Truppe vum Generol Võ Nguyên Giáp ass dem Joseph Laniel seng Regierung zeréckgetrueden, an de Mendès France huet eng nei Regierung gebilt an där hie selwer och Ausseminister war.

Hie war fir d'Zesummenaarbecht mat anere Staaten an Europa, war awer géint déi geplangt Europäesch Verdeedegungsgemeinschaft déi 1954 och vun enger Majoritéit vu franséische Parlamentarier verworf gouf.

Seng Regierung gouf am Februar 1955 duerch e Mësstrauensvote gestierzt. Vun 1956 bis 1957 war hien am Guy Mollet senger Regierung Minister ouni Portefeuille, ass dunn awer wéinst enger Kontrovers iwwer Algerien zeréckgetrueden.

1958 huet hie sech géint den De Gaulle a säi Projet vun enger Fënnefter Republik gewiert, deem en eng "Presidialdiktatur" virgeworf huet, mä hat kee Succès domat. 1959 gouf en aus senger Partei, dem Parti Radical Socialiste ausgeschloss[Source?].

Am September 1959 gouf hie Member vum Parti socialiste autonome, dee sech 1960 mat der Union de la gauche socialiste zesummegedoen huet fir de Parti socialiste unifié ze grënnen. Hie gouf nees an d'Assemblée nationale fir déi Partei gewielt.[Wéini ?]

no 1960[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Éric Roussel, Pierre Mendès France; Paräis (Gallimard), 2007; Grand Prix de la biographie de l'Académie française.
  • Jean-Denis Bredin, Un tribunal au garde-à-vous. Le procès de Pierre Mendès France, 9 mai 1941; Paräis (Fayard), 2002.
  • Michel Mendès France, Simone Gros: Pierre Mendès France au quotidien. Éditions L'Harmattan, Paris 2004, ISBN 978-2-7475-6999-6.
  • Alexander Werth: The Strange History of Pierre Mendès France and the Great Conflict over French North Africa. Barrie, London 1957.
  • Alain Chatriot: Pierre Mendès France. Pour une République moderne. Armand Colin, Paris 2015, ISBN 978-2-200-60319-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Mendès France – Biller, Videoen oder Audiodateien