Pierre Nora
Ausgesinn
| Pierre Nora | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Pierre Charles Nora |
| Gebuer |
17. November 1931 8. Arrondissement |
| Gestuerwen |
2. Juni 2025 15. Arrondissement |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun |
Lycée Louis-le-Grand, Lycée Carnot, Faculté des lettres de Paris |
| Aktivitéit | Historiker, Universitéitsprofesser, Editeur, Gymnasiumsprofesser |
| Fonctioun | Directeur d'études, President vum Verwaltungsrot |
| Member vun | Académie française, Comité des intellectuels pour l'Europe des libertés, Comité de lecture des éditions Gallimard |
| Auszeechnungen | Grand officier de la Légion d'honneur, Commandeur des Arts et des Lettres, Grand-croix de l'ordre national du Mérite, Grand Prix Gobert, Éierendokter vun der Universitéit Laval, Jean-Zay-Präis, Montaigne-Präis, Dan-David-Präis |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Françoise Cachin (1964–1976), Anne Sinclair, Gabrielle van Zuylen |
| Liewenspartner(in) | Gabrielle van Zuylen |
| Papp | Gaston Nora |
| Mamm | Julie Nora |
| Geschwëster | Simon Nora, Jacqueline Furet-Nora, Jean Nora |
|
| |
De Pierre Nora, gebuer de 17. November 1931 zu Paräis, an och do den 2. Juni 2025 gestuerwen, war e franséischen Historiker, deen ë. a. wéinst senge Publikatiounen iwwer d'franséisch Identitéit an am Gebitt vun de Sozialwëssenschaften, besonnesch am Beräich vun der Mentalitéitsgeschicht, bekannt gouf. Vun him ass d'Konzept Lieu de mémoire zu deem e 7 Bänn geschriwwen huet, a mat deem Plazen (oder Objeten, och Evenementer) benannt ginn, déi eng wichteg symbolesch Roll fir eng Natioun spillen.
Hie war vun 1977 bis un d'Enn vu senger akadeemescher Karriär Directeur d'études op der Paräisser École des Hautes Études en Sciences Sociales (EHESS).
De 6. Juni 2002 gouf hien an d'Académie française opgeholl.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Les Français d’Algérie. Paris: Julliard, 1961, zulescht Paräis: Bourgois 2012, ISBN 978-2-267-02423-4.
- Vincent Auriol. Journal du Septennat 1947–1954 (Armand Colin).
- (Editeur, mam Jacques Le Goff): Faire de l’histoire. Nouveaux problèmes, nouvelles approches, nouveaux objets, Paris: Gallimard 1974
- als Editeur an Auteur vun der Préface: Essais d’ego-histoire. Paris: Gallimard 1987
- (als Editeur): Les lieux de mémoire, Gallimard (Bibliothèque illustrée des histoires), Paris, 3 tomes : t. 1 La République (1 vol., 1984), t. 2 La Nation (3 vol., 1986), t. 3 Les France (3 vol., 1992)
- L’historien public, Paris: Gallimard 2011
- Esquisse d’ego-histoire: Suivi de L’historien, le pouvoir et le passé. Précédé de L’histoire selon Pierre par Antoine Arjakovsky, DDB 2013
- Jeunesse, collection folio, Paris 2022
- Une étrange obstination, Paris: Gallimard 2022
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- François Dosse: Pierre Nora homo historicus, Paris: Perrin, 2011, ISBN 2-262-03379-X.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Pierre Nora – Biller, Videoen oder Audiodateien |
