Pierre Ponath

Vu Wikipedia
Pierre Ponath
Gebuer 3. September 1902
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 26. August 1944
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler
Member vun Lëtzeburger Freihétskämpfer

De Pierre ("Pitty, Puttes") Ponath, gebuer den 3. September 1902 zu Esch-Uelzecht[1] an och do gestuerwen de 26. August 1944[2], war e lëtzebuergesche Resistenzler a Member vun de Lëtzeburger Freihétskämpfer. Hien huet als Elektriker op der Arbed geschafft.

Um Kazebierg, niewent der Zentral vun der deemoleger Seelbunn, war de Jean Heinisch wärend 1 Joer an den André Zirves wärend 2 Méint verstoppt. Si hunn an engem Heekoup vun engem Kanéngerchersstall geschlof, deen dem Surveillant vun der Seelbunn gehéiert huet. Den André Rizzi, de Puttes Ponath an den Nicolas Winckel[3] hunn deenen zwéi gehollef an hinnen Iesse bruecht. De Ponath gouf den 23. August 1944 vun der Gestapo verhaft an an der "Villa Seligmann" gefoltert. Hien huet refuséiert d'Stopp vun den 2 Refraktären ze verroden. 3 Deeg méi spéit huet hie sech a senger Zell am Prisong op Nummer 40 an der Nordstrooss erhaangen, aus Angscht ënnert der Folter déi 2 Refraktären ze verroden. Hien huet seng Fra Bebby Heinen an 2 kleng Kanner hannerlooss. Seng Läich gouf vum Friedrich Schmidt an 2 anere Gestapo-Beamten op Nennig bruecht, fir do um Kierfecht anonym begruewen ze ginn. Nom Krich goufe seng stierflech Iwwerreschter exhuméiert an den 13. Januar 1946 an enger reliéiser Zeremonie begruewen. [4][5]

De Jean Heinisch an den André Zirves hunn den Zweete Weltkrich iwwerlieft. Den André Zirves hat bis zu sengem Doud eng Foto vum Puttes Ponath a sengem Portefeuille.[6]

De Pierre Ponath gouf posthum mam Ordre de la Résistance 1940–1944 ausgezeechent.

Zu Esch-Uelzecht ass zanter dem 18. Juni 2015 beim Ellergronn virum Agank vun der fréierer Minière Heintzebierg eng Plaz no him benannt.[7] Hei steet och eng Gedenktafel un de Fräiheetskämpfer. Den Aimé Knepper hat als President vun der Amicale Albert Ungeheuer 2004 d'Escher Gemeng opgefuerdert eng Strooss oder eng Plaz nom Pierre Ponath ze benennen. Den André Zirves huet dës Ufro ausdrécklech ënnerstëtzt.[8]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 271 zu Esch-Uelzecht vum 4. September 1902
  2. Doudesannonce am Escher Tageblatt vum 11. November 1944
  3. Winckel Nicolas Pierre. Fédération des enrôlés de force. Gekuckt de(n) 1.3.2023.
  4. (fr)Guy van Hulle, Pierre Ponath, le héros oublié des Eschois...?. Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Gekuckt de(n) 25.2.2023.
  5. Ponath Pitty Puttes Pierre. FÉDÉRATION DES ENRÔLÉS DE FORCE. Gekuckt de(n) 25.2.2023.
  6. (fr)Robby Zenner, Noruff fir den André Zirves. Bulletin sne-cgfp (bulletin 6/2015). Gekuckt de(n) 25.2.2023.
  7. (fr)Esch-sur-Alzette : place au héros inconnu. Le Quotidien (19.6.2015). Gekuckt de(n) 25.2.2023.
  8. Bei der Ufro vum Aimée Knepper louch dës Recommandatioun, ënnerschriwwe vum André Zirves: « Jean Heinisch étant décédé depuis longtemps, je suis le seul vivant encore grâce à Pitty Ponath qui sous la torture à mort n'a pas trahi notre cachette. C'est donc de tout mon coeur que je soutiens la proposition de l'Amicale Ungeheuer dont je suis également membre. Je vous saurais infiniment gré de bien vouloir donner une suite favorable à la proposition en haut et de ne pas laisser tomber dans l'oubli la noble et courageuse mort du martyr Pitty Ponath. »