Pierre de Marivaux

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller. Fir de Kino an der Stad Lëtzebuerg, kuckt wgl. Marivaux (Kino).
Pierre de Marivaux
Gebuer 4. Februar 1688
Paräis
Gestuerwen 11. Februar 1763
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dramatiker, Schrëftsteller, Romancier, Auteur, Journalist
Member vun Académie française

De Pierre Carlet de Chamblain de Marivaux, meeschtens einfach Marivaux genannt, gebuer de 4. Februar 1688 zu Paräis an och do de den 12. Februar 1763 gestuerwen, war e franséischen Auteur haaptsächlech vun Theaterstécker, vun deenen en der an déi 30 geschriwwen huet.

Hie gëtt zu de wichtegstge franséischen Theaterauteure vum 18. Joerhonnert gezielt. Vill vu senge Kaméidistécker huet hie fir d'Comédie française oder d'Comédie italienne zu Paräis geschriwwen. Zu senge bedeitendste Wierker zielen Le Triomphe de l'amour, Le Jeu de l'amour et du hasard a Les Fausses Confidences.

De Marivaux huet och eng Rëtsch Essaye geschriwwen, sou wéi och e puer Romaner, vun deenen der allerdéngs zwéin net fäerdeg goufen, La Vie de Marianne a Le Paysan parvenu.

Ausserdeem war hien a sengem Jonktem Journalist fir d'Zeitunge Spectateur a Mercure.

Den Ausdrock "marivaudage" bedeit haut nach am Franséischen eng Zort Gespréich , an deem verschidde Stilebene bewosst duercherneegeheit ginn, z. B. e preziöse Stil antithetesch an engem ganz" onpreziöse" Kontext gebraucht gëtt , oder och, méi allgemeng, eng Zort Geflirts mat blimmelechem Langage.

No him genannt goufen ë. a. Theateren a Kinoen, sou ee Kino an der Stad Lëtzebuerg am Garer Quartier: de Marivaux

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Theater[änneren | Quelltext änneren]

Bréiwer an Essayen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1717-1718: Lettres sur les habitants de Paris
  • Lettres contenant une aventure
  • Pensées sur differents sujets
  • 17211724: Le Spectateur français
  • 1726: L'Indigent philosophe
  • 1734: Le Cabinet du philosophe

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • 17131714: Les Effets surprenants de la sympathie
  • 1714: La Voiture embourbée, (roman impromptu)
  • 1714: Le Bilboquet
  • 1714: Le Télémaque travesti
  • 17161717: L'Homère travesti ou L'Iliade en vers burlesques
  • 1737: Pharsamon ou Les Folies romanesques

Romaner, déi net fäerdeg goufen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre de Marivaux – Biller, Videoen oder Audiodateien