Pilibhit-Tigerreservat
|
De Sultan, de gréisste vun all den Tigeren am Reservat | |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Indien |
| Gemeng | Uttar Pradesh |
| Plaz | Pilibhit, Shahjahanpur |
| Koordinaten | 28°43'7,7196"N, 80°4'19,0848"O |
| Ugeluecht | 1861 |
| Fläch | 730,24 km² |
|
| |

D'Pilibhit-Tigerreservat ass e Reservat fir Tigeren an Indien.
Et ass eent vun de schmuelsten, awer gläichzäiteg eent vun den Tigerreservater mat de meeschte Bëscher, dat sech aus der Loft wéi en Houfeisen ugesäit.[1] D'Reservat ass bekannt fir seng geschaten Tigerdicht vun 10,8 Déiere pro 100 km². Et huet eng Gesamtfläch vu 730,24 km², dovu leie 97,6 % (712,88 km²) am Distrikt Pilibhit an 2,4 % (17,36 km²) am Distrikt Shahjahanpur – allebéid an der Regioun Rohilkhand am indesche Bundesstaat Uttar Pradesh.[2]
Ronn 21 % vun der Fläch vum Distrikt Pilibhit leie bannent de Grenze vum Reservat, wat en am Uttar Pradesh zu engem vun den Distrikter mat de meeschte Bëscher mécht. Den Distrikt läit am Himalaya-Déifland laanscht d'indo-nepaleesesch Grenz, an am nërdlechen Indus-Ganges-Brahmaputra-Flaachland.[3]
De Liewensraum zeechent sech duerch grouss Graslandschaften, Salbambëscher an engem suppegen Ökosystem aus, deen duerch reegelméisseg Iwwerschwemmunge vu Flëss a Séien aus der Ëmgéigend wärend der Reenzäit entsteet. Um Bord vum Reservat läit de Sharda-Séi, dee sech iwwer eng Fläch vun 22 km² erstreckt.
Am Reservat liewen eng 35 Aarte vu Mamendéieren,[4] 556 Vullenaarten,[5][6] 79 Fëschaarten[7] souwéi verschidde Reptillen- an Amphibienaarten,[8] dorënner Planzefrësser, Fleeschfrësser an Allesfrësser. Am Joer 2020 gouf d'Tigerreservat vun der Union internationale pour la conservation de la nature (UICN) mam éischten TX2 Global Award ausgezeechent – als Unerkennung fir d'Verduebelung vun der Tigerpopulatioun bannent der virgeschriwwener Zäit.[9]
Am August 2025 huet d'Verwaltung vum Reservat confirméiert, datt an der Kärzon méi wéi 79 erwuessen Tigere liewen.[10][11]

Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Pilibhit-Tigerreservat – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ field experience of Pilibhit tiger reserve.
- ↑ district wise area percentage of Pilibhit tiger reserve.
- ↑ Pilibhit tiger reserve.
- ↑ Pilibhit tiger reserve - mammals.
- ↑ 556 birds species Archivéiert de 24.01.2020. Gekuckt den 02.11.2025.
- ↑ Biodiversity.
- ↑ Pilibhit tiger reserve- Fishes' species.
- ↑ Pilibhit tiger reserve – Reptiles and Amphibians.
- ↑ Pilibhit tiger reserve Gets Global Award For Doubling Tiger Population.
- ↑ Pilibhit tiger reserve introduces new method to count tigers by gender.
- ↑ Three tigresses with nine cubs spotted at Pilibhit tiger reserve; sign of rise in big cat count.
