Pioneer 11

Vu Wikipedia
Pioner 11 beim Start, mat enger Atlas Centaur
Saturn a säi Mound Titan vu Pioneer 11 gescannt
Kënschtlesch Usiicht: NASA-Raumsond Pioneer 11 flitt laanscht de Saturn.
D'Fluchbunne vu Pioneer 10 an 11. D'Säitenusiicht ënne weist de Fluch vu Pioneer 11 iwwer d'Ekliptik ewech vum Jupiter bei de Saturn.

Pioneer 11 ass eng US-amerikanesch Raumsond vun der Pioneer-Rei, déi de 6. Abrëll 1973 ëm 2:11 UTC vum Launch Complex 36 op Cape Canaveral u Bord vun enger Rakéit vum Typ Atlas-Centaur gestart gouf. Déi 259 kg schwéier Sond hat d'Missioun, d'Planéite Jupiter a Saturn z'erfuerschen.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Genee ee Joer nom Start vun der baugläicher Schwëstersond Pioneer 10 sollt och Pioneer 11 de Virstouss an de baussenzege Sonnesystem woen. De Missiounsufank gouf ëm eng Startfënster zum Jupiter géintiwwer Pioneer 10 retardéiert, well gefaart gouf, d'Haaptasteroidenceinture kéint sou dicht sinn, datt se fir eng Raumsond net ze passéiere wier. Well dat awer net de Fall war, konnt Pioneer 11 wéi erwënscht starten. Sollt d'Sond no dem Laanschtfléien beim Jupiter nach funktiounsfäeg sinn, sollt si den zweete Riseplanéit Saturn usteieren.

Wéi bei der Pioneer 10 ass u Bord vun der Pioneer 11 och eng Pioneer-Plack, déi eng Informatioun iwwer d'Mënschheet dréit, fir de Fall, wou ausserierdesch Liewewiesen d'Sond fanne géifen.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Pioneer 11 ass de 6. Abrëll 1973 mat enger Atlas-Centaur-Rakéit vu Launch Complex 36 op Cape Canaveral gestart.
  • De Fluch laanscht de Jupiter war den 3. Dezember 1974 op enger Distanz vun 43.000 km zu der Uewerfläch. Dobäi huet d'Sond ronn 500 Biller a vill Daten opgeholl.
  • De Fluch laanscht de Saturn war den 1. September 1979 op enger Distanz vun 21.000 km. Dobäi goufe ronn 400 Biller gemaach. D'Sond huet vill Detailer vun de Saturnréng entdeckt an en neie Saturnmound. Pioneer 11 war déi éischt Sond, déi de Planéit Saturn passéiert huet.
  • Den 23. Februar 1990 huet Pioneer 11 als véiert Raumsond no Pioneer 10, Voyager 1 a Voyager 2 d'Neptunbunn passéiert an ass dann an den interstellare Raum gestouss.
  • Wéinst Dreifstoffmangel gouf d'Missioun den 30. September 1995 agestallt. D'NASA krut de 24. November 1995 eng lescht Telemetrie vu Pioneer 11.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Obschonn d'Sond Pioneer 11 den éischte Fluch laanscht de Saturn erfollegräich gemeeschtert hat, goufen déi wëssenschaftlech Resultater vun der Missioun bal duerch déijéineg vun deenen zwou Voyager-Sonden erweidert an iwwertraff. Dat louch dorun, datt Pioneer 11, genee wéi Pioneer 10, nëmmen deelweis déi wëssenschaftlech Erfuerschung vum bauzegste Sonnesystem zum Zil hat. Hir Missioun louch virun allem doran, den Duerchbroch zum Jupiter an zum Saturn iwwerhaapt ze packen.

Pioneer 11 ass déijéineg Sond, déi eist Sonnesystem mat der klengster Vitess verléisst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pioneer-Missionen – Biller, Videoen oder Audiodateien