Op den Inhalt sprangen

Pioneer 2

Vu Wikipedia
Pioneer 2
Eng Pioneer Sond vun der éischter Generatioun
ZilFluch laabscht de Mound
Biller vun der Mounduewerfläch
LandUSA
AgenturNASA
Start8. November 1958, 07:30 UTC
StartplazCape Canaveral AFS Launch Complex 17
DrorakéitThor-Able
Statusno 45 Minutte vergloust

De Pioneer 2 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. D'Pioneer 2 sollt laanscht den Äerdmound fléien an dobäi Biller vun der Mounduewerfläch maachen.

D'Pioneer 2 war wéi déi zwou virdrun, spinstabiliséiert (2 Rotatioune pro Sekonn ëm déi eegen Achs) a bestoung aus enger Zylindersektioun vu 74 cm Duerchmiesser mat flaache Keegelstëmp déi drun ugeschloss waren, mat enger Héicht vu 76 cm. Den Undriff, e Feststoffdreifwierk vun 105 N Schub, war op der Säit ugemaach, Lagreegelung an Antenne vis-à-vis dovun. Vun der ganzer Mass vun 39,5 kg ware 15,6 kg Notzlaascht, dorënner eng Kamera mat niddreger Opléisung (optesch Opléisung 0,5 Grad) déi geduecht war fir Biller vun der Moundrécksäit ze maachen, e Magnéitometer, Stralemiessinstrumenter an e Mikrophonsystem fir d'Detektioun vu Meteorittenaschléi um Satellit. D'Sond gouf iwwer en Telemetriesytem, dat op enger Frequenz vun 108,6 MHz geschafft huet, gesteiert a fir d'Stroumversuergung gouf et dräi verschidde Batteriesystemer.

Nom gegléckte Start hate sech d'Dreifwierker vun der 2. Stuf ze fréi ofgeschalt. Déi drëtt Stuf hat duerch eng Feelfunktioun guer net gezünnt. Sou konnt d'Raumsond d'Gravitatiounsfeld vun der Äerd net verloossen. Si hat nëmmen eng kleng Héicht erreecht a war no 45 Minutten an der Äerdatmosphär vergloust. Dobäi konnt d'Missioun e puer Donnéeën iwwer déi baussenzeg Stralungsceinture vun der Äerd an d'Heefegkeet vu Mikrometeoritte sammelen.

 Commons: Pioneer (Raumsonden-Programm) – Biller, Videoen oder Audiodateien