Piotr Fijas

Vu Wikipedia
Piotr Fijas
Gebuer 27. Juli 1958
Bielsko-Biała
Nationalitéit Polen

De Piotr Fijas, gebuer de 27. Juni 1958 zu Bielsko-Biała, ass e fréiere polnesche Schisprénger.

De Piotr Fijas als jonke Sportler a sengem Heemechtsclub BBTS Bielsko mat Schisprangen ugefaangen. Säin éischten Trainer war den Olympionik vun den Olympesche Wanterspiller vun 1952 de Jakub Węgrzynkiewicz. Mat 18 Joer koum hien an d'polnesch Nationalekipp. Hie konnt sech awer net fir d'Olympesch Spiller zu Innsbruck qualifizéieren. Seng éischt grouss Meeschterschaft waren déi Nordesch Schiweltmeeschterschaften 1978 zu Lahti a Finnland. Op der grousser Schanz koum hien do op déi 18. Plaz.

De Fijas war fir Polen dräimol bei den Olympesche Spiller derbäi: Zu Lake Placid 1980, Sarajewo 1984, a Calgary 1988. Säi gréissten olympesche Succès war déi 7. Plaz op der Normalschanz 1984 zu Sarajewo. No der Olympiad vun 1988 zu Calgary huet hie wéinst Blesse mat dem Schisprangen opgehalen. Hien huet am Ganzen dräi Weltcupsprange gewonnen.

Seng gréisst Erfolleger hat hien op de Fluchschanzen. 1979 huet hien eng Bronzemedail bei de Schifluchweltmeeschterschaften zu Planica kritt. 1987 ass hien zu Planica mat 194 m en neie Schifluchweltrekord geflunn, dee siwe Joer laang net iwwerbuede gouf.