Pir Kremer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Pierre Kremer. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Kremer.
Pir Kremer
Gebuer 17. August 1919
Käerch
Gestuerwen 28. Mäerz 2000
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fonctionnaire, Schrëftsteller

De Pierre (Pir) Kremer, gebuer de 17. August 1919 zu Käerch a gestuerwen den 28. Mäerz 2000 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Staatsbeamten (Ponts et chaussées)[2] an Auteur.

Hien huet 35 Joer laang als fräie Mataarbechter vun RTL d'Emissioun Um Staminet geschriwwen an dra matgespillt. Hie war och Auteur oder Coauteur vu 25 Revuen (ënner dem Pseudonym Pik). Ausserdeem war hien Auteur vu Gedichtsbänn, enger Rei satireschen Texter, Sketcher, Geschichte fir Kanner a Lidder.

Fir un hien z'erënnere gouf zu Bieles eng Strooss no him genannt[3].

Bicher vum Pir Kremer[änneren | Quelltext änneren]

  • Zesummegepicktes (1971)
  • Repikéiert (1976)
  • Nogepiktes (1982)
  • Kanner feiere frou Fester (1984)
  • Méi wéi honnert Pärelen (1994)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon 2006, S. 227
  2. Luxemburger Autorenlexikon 2007, S. 357
  3. L-4409