Piwel

Vu Wikipedia
Piwel-Spéin vun 2005

Piwel ass den Numm vun enger Lëtzebuerger Mark vu Schauerschwämm aus Stolwoll. Si ginn zanter 1935 vun der Firma Piwel Sàrl. produzéiert.

Den Numm vun der Firma geet zeréck op deen vun hirem Grënner, dem Pierre Welter. Si produzéiert zu Helfent Stolwoll, déi, well d'Fiedem sou dënn sinn, sech gutt formen an diebele loossen. Am Joer ginn sou eng 600 Tonne Stolwoll, vu graff bis extra-reng, produzéiert. Do derbäikomme 50 Tonne Woll aus Inox.

Agewieften Etikett aus de Fofzegerjoren

90 % vun der Produktioun si fir den Export, vill dovun ënner dem Numm vum Client. Op Guadeloupe z. B. ginn d'Piwelspéin ënner dem Numm "Tip-Top" verkaaft. Dem Gérant vun der Firma, dem Tom Welter no, soll dat bekannt Bild um Pak - eng Hausfra an en Dëppen, déi alle béid glënneren, déi eng vu Freed, dat anert no engem Piwels-Asaz - net gännert ginn: D'Leit wieren sou dru gewinnt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]