Pjotr Iljitsch Tschaikowski

Vu Wikipedia
Pjotr Iljitsch Tschaikowski
Gebuer 25. Abrëll 1840 jul.
Wotkinsk
Gestuerwen 25. Oktober 1893 jul.
Sankt Péitersbuerg
Doudesursaach Cholera
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Aktivitéit Komponist, Librettist, Dirigent, Choreograph, Musekspedagog, Pianist, Autobiograph, Musekskritiker, Diarist, Iwwersetzer, Universitéitsprofesser

De Pjotr Iljitsch Tschaikowski (Пётр Ильич Чайковский), gebuer de 7. Mee 1840 zu Wotkinsk a gestuerwen de 6. November 1893 zu Sankt Péitersbuerg, war e russesche Komponist.

Schonn zu senge Liefzäite ware vill vu senge Wierker international bekannt. Haut ziele se zu de bedeitenste vun der Romantik.

Den Tschaikowski ass schonn am Alter vun 53 Joer gestuerwen, seng Doudesursaach konnt bis haut net eendeiteg gekläert ginn. Et sinn der déi mengen et wier Cholera, anerer mengen en hätt sech selwer mat Arsen vergëft wéinst senger Homosexualitéit. Béid Theorië ginn awer kritiséiert, soudatt eng drëtt éischter d'Faveure vun der Tschaikowski-Fuerschung huet: Urämie als Folleg vun der asiatescher Cholera.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Operen[änneren | Quelltext änneren]

  • De Wojewode (Воевода), 1867/68
  • D'Undine (Ундина), 1869, verschollen
  • Den Opritschnik (Опричник) – Oper a 4 Akten nom Lashetschnikow (1870–1872), Libretto: P. Tschaikowski, éischt Opféirung: St. Péitersbuerg 1874
  • Wakula de Schmadd op. 14 (Кузнец Вакула) – Oper an 3 Akten nom Gogol (1874), Libretto: J. P. Polonski, éischt Opféirung: St. Péitersbuerg 1876
  • Eugen Onegin op. 24 (Евгений Онегин) – Oper an 3 Akten nom Puschkin (1877/1878), Libretto: P. Tschaikowski a K. S. Schilowski, éischt Opféirung: Moskau 1879
  • D'Joffer vun Orléans – Oper a 4 Akten nom Schiller (1878/1879), Libretto: P. Tschaikowski, éischt Opféirung: St. Péitersbuerg 1881
  • Mazeppa – Oper an 3 Akten nom Puschkin (1881–1883), Libretto: W. P. Burenin, éischt Opféirung: Moskau 1884
  • D'Zauberin ("Tscharodeika") – Oper a 4 Akten nom I. W. Schpashinski (1885–1887), Libretto: I. W. Schpashinski, éischt Opféirung: St. Péitersbuerg 1887
  • Pique Dame op. 68 – Oper an 3 Akten nom Puschkin (1890), Libretto: M. a P. Tschaikowski, éischt Opféirung: St. Péitersbuerg 1890
  • Jolanthe op. 69 – Oper an engem Akt nom Hertz (1891), Libretto: M. Tschaikowski, éischt Opféirung: St. Péitersbuerg 1892
ëm 1868
1888
Fotoen

Balleten[änneren | Quelltext änneren]

  • Schwaneséi op. 20 – Ballet a 4 Akten (1875/1876), Libretto: Wladimir P. Begitschew und Wassili Geltzer, éischt Opféirung: Moskau 1877
  • Dornröschen op. 66 – Ballet an 3 Akten nom Perrault, Libretto: Iwan Alexandrowitsch Wsewoloschski, éischt Opféirung: St. Péitersbuerg 1890
  • Den Nossknacker op. 71 – Ballet an 2 Akten nom E. T. A. Hoffmann, Libretto: M. Petipa, éischt Opféirung: St. Péitersbuerg 1892

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pyotr Ilyich Tchaikovsky – Biller, Videoen oder Audiodateien