Plëss d'Arem

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Place d'Armes
Plëss
Luxembourg - place d'Armes Plëss - nom de rue.jpg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 1136
Koordinaten Gnome-globe.svg 49° 36’ 40.5’’ N 06° 07’ 45.2’’ O
Längt ca. 55 x 75 m

D'Plëss d'Arem, dacks och nëmme Plëss genannt, offiziell Place d'Armes, ass eng Plaz an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg. Do stoung fréier eng Kasär. Zanter dem Joer 1671 gouf d'Plaz als Paradeplaz benotzt, nodeem franséisch Truppen ënner dem Gouverneur Jean Charles de Landas d'Plaz mat Lanne beplanzt haten.

D'Plëss fréier[änneren | Quelltext änneren]

D'Plaz vun den Zaldoten[änneren | Quelltext änneren]

„Eng Plaz war e Sonnestral, e Strapp frësch Loft‚ eng gréng Illusioun!... d'Stad hat dräi Plazen: déi kleng Plaz vum Fëschmaart, d’Wëllemsplaz oder de Knuedler an d’PLËSS.

Dës war net grouss, mee si huet eng wichteg Roll an der Stad gespillt. Si war e rechtwénkelegë Véiereck, mat enger doucer Pente, an der Mëtt loung Pawee, ënnen an uewe war eng Allee, déi am Schied louch vun enger duebeler Rei vu Käschtebeem. Des Beem waren d’Gléck vun de Bouwen. Am Fréijoer hu si Kiewerleke geliwwert an am Hierscht Käschten.

Dräi Stroosse si ronderëm d’Plëss verlaf. Déi véiert Säit war begrenzt duerch d’Haaptwuecht; dat war en eestäckegt Gebai, mat Arkade virdrun, virun deenen erëm eng Terrasse war, beluecht mat Placken, bewaacht vu massive stenge Bornen déi duerch déck Kette verbonne waren.

Et war verbueden dohinner ze goen, mee d'Plaz huet keng Verdeedegung gebraucht. De Wuechtzaldot deen déi ganzen Zäit op an of gaangen ass, d'Zaldoten déi virun den Arkade souzen, virun deenen donkele Kummeren – wann de Wiechter Heraus! geruff huet, hu sech op d'Bëndele mat de Gewierer gestierzt an d’Waffe presentéiert – dat alles huet dofir gesuergt datt keen ze no gaangen ass, esou guer d’Frechdachsen net. Op der aner Säit vun der Plaz, déi vis-a-vis vun der Garde war, stoung d'Haus vum Militärgouverneur. Hei sinn och een oder zwee Zaldoten op an of gaange fir der Härschaft nach méi Prestige ze ginn an dofir ze suergen datt Si hir Rou huet...“[1]

„D'Geschicht vun der Plaz geet bis an d'17. Joerhonnert zréck. Virun der Gefor vun de Fransousen hunn d'Befestegungsanlage misse verbessert ginn. De Generalgouverneur aus Holland, de Comte de Monterey, an de Militäringenieur Louvigny hunn dofir 95 Haiser an der Ënnerstad ofrappe gelooss an hir Awunner an d'Uewerstad ëmquartéiert, do wou soss d'Gäert vun de Franziskaner an de Jesuite waren. D'Plëss an déi néi Stroosse goufen den 10. August 1671 feierlech ageweit.

D'Haaptwuecht gëtt ofgerappt

Bis an d'19. Joerhonnert huet d'Plaz hire Militärcharakter behalen. An der Woch stounge just e puer Zaldote Wuecht ënnen an uewen op der Plëss. Samschdes haten eng zwanzeg Zaldoten aus der Garnisoun Waassercorvee an hu missen, esou wéi Hamsteren, dat grousst Rad am Pëtz undreiwen. Den Uewerbau vum Pëtz ass 1867 ofgerappt ginn, déi nei Waasserleedung huet de Bur iwwerflësseg gemaach, dat déift Lach bis an de Péitrussdall ass nach ëmmer do. Sonndes war grouss Parad, da sinn d'Infanteriebataillounen amarschéiert, un der Spëtzt d'Militärmusek. No dem Londoner Kongress sinn d'preisesch Truppen ofgezunn an de Lëtzebuerger Jeeärbatailloun huet d'Haaptwaach ageholl bis 1881. Vun do un hu sech d'Police an d'Pompjeeën do etabléiert.

Parad vun de franséischen Truppen (1918)

1902 ass d'Garde ofgerappt ginn, fir dem neie Cercle Plaz ze maachen. De Joseph Heintz-Michaelis huet d'Gebai ofkaaft an a sengem Park zu Hollerech erëm opbaue geIooss‚ wou et haut nach steet.“[2]

D'Plaz vun der Bourgeoisie[änneren | Quelltext änneren]

„Am 20. Joerhonnert, huet d'Bourgeoisie d’Plaz vun de Zaldoten ageholl, a just Concerte vun der Militärmusek hunn nach un déi militäresch Vergaangenheet erënnert. Den éischte Kiosk ass 1875 um ale Parvis vun der Haaptwuecht opgeriicht ginn, eng aachteckeg metalle Konstruktioun. D’Garnisounsmusek, d’Stater Fanfaren an d'Betriibsorchestere vun der Schampesfabrik Mercier a vu Paul Wurth hunn hei eng Traditioun ugefaangen, dei bei de Lëtzebuerger séier beléift war. 1936 hat den ale Kiosk ausgedéngt, hie gouf ofgerappt an zu Hesper virun der Kierch erëm opgeriicht. D’Plëss krut en neie Kiosk, méi grouss a prestigiéis, op der anerer Säit vun der Plaz.

Et schéngt esou, datt dei jonk Leit vun de Sonndes- an Donneschdesconcerte profitéiert hu fir mat dem anere Geschlecht Bekanntschaft ze maachen. D’Jonge si ronderëm de Kiosk getrëppelt, am Sënn vun den Zäre vun enger Auer, an d'Meedercher deen anere Wee, esou si si sech méi dacks begéint.

D’Plaz‚ déi sech bis dohin net vill verännert hat, ass am Ufank vum leschte Joerhonnert duerch de Bau vum Cercle, dem Palais vun der Stad, beräichert ginn. Dëse prestigiéise Bau vum Pierre a Paul Funck war een Zeie vum wirtschaftlechen Opschwonk vun der Stad, déi sech vum Joch vum Militärwiese befreit hat, an déi voller Houfert dem Pierre Federspiel eng Frise an Optrag ginn huet fir d‘Haaptfassade, déi d'Iwwerreechung vum Fräiheetsbréif vun der Gräfin Ermesinde am Joer 1244 duerstellt.

Op der anerer Säit vun der Plëss steet dee fréieren Hotel de Gerden. An der zweeter Halschent vum 17. Joerhonnert erbaut, war et noenee Wunneng, Residenz vum Festungskommandant, Privathaus, Verwaltungsgebai, Rechekummer a Cour des Comptes.

Am ale Gaart vun dësem Häerschaftshaus ass 1903 e Monument opgerlicht gi fir d’Lëtzebuerger Nationaldichter Dicks a Michel Lentz.“[2]

Plaz vun de Butteker an der Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

„D'Butteker vun der Plëss an den Nopeschgaasse waren dacks Traditiounshaiser déi méi Generatioune bekannt waren. De Jacques Lamort huet 1818 eng Dréckerei opgemaach op der Nr. 3 vun der Plaz. 1852 huet de Buchhändler Victor Buck d'Dréckerei iwwerholl fir e puer Joer méi spéit an d'Paschtoueschgaass ze plënneren. 1889 installéiert sech d’Dréckerei Beffort op Nr. 3. D'Traditioun ass gebrach gi mam Ëmbau vum Gebai an e Fennefstärenhotel, dem Hôtel Le Place d‘Armes, deen 2012 opgaangen ass. Aner Haiser waren Institutiounen an der Stad, d’Epicerie Glod-Volz, d'Pharmacie de la Licorne, À la Renommée vun de Gesëschter Heinck oder d’Miwwelhaus Capus bis datt do 1958 de Kino Cité gebaut ass ginn.

De fréiere Café Jentgen

Matt der Ausnam vum Cafe Jentgen, deen 1920 verschwonnen ass, wou d‘Miwwelhaus Bonn gebaut ginn ass, waren och d’Cafeen an d'Restaurante vun der Plëss Traditiounshaiser. D'Famill Schmit-Hildgen huet 1894 de Grand Café opgemaach, den éischten zweestäckege Cafe, vum jonken Architekt Charles Müllendorf entworf. An den 1980er Joren ass aus dem Grand Cafe d'Brasserie L'Académie ginn a bei den Ëmbauaarbechten ass déi schéi Fassade mat Konschtkeramiken ewech komm. Den Hotel Niedler war noeneen de Wimpy, d’Kofferpan, de Pub on the top, an haut den Chi-Chis. Den éischte Stack vum Café du Commerce war laang den Treffpunkt vum Chat noir (no 1914 La Mansard), eng Plattform vum Paräisser Cabaret inspiréiert, wou sech de Poutty Stein, Fritz Fischer, Batty Fischer, Batty Weber, Jos Palgen, Edmond Faber an anerer getraf hunn, fir ze poteren, Kritiken ze schreiwen a satiresch an humoristesch Lidder ze komponéieren.“[2]

D'Plëss haut[änneren | Quelltext änneren]

Plaz fir Zentspanen

D'Plëss vum Cercle aus gesinn

„Am 20. Joerhonnert hu lues a lues d’Autoen op der Plëss d'Iwwerhand kritt, d'Plaz ass zum Parking degradéiert ginn. Iwwer Jore war d'Bild ëmmer datselwecht, nëmmen datt d'Modelle gewiesselt hunn, bis datt 1969 d’ganz Plaz fir d’CircuIatioun gespaart ginn ass an datt d’Chimaysgässel an d’Paschtoueschgaass eng Foussgängerzon gi sinn. 1991 ass d’Montereysavenue derbäi komm.

Floumaart op der Plëss. Am Hannergrond den Hotel de Gerden

D'Beem si mat der Zäit ausgewiesselt ginn‚ fir d’éischt Platanen‚ du Lannen, Käschtebeem a Maasselter, mee hire Schied war an ass nach ëmmer beléift. Esou bal sech déi éischt Sonnestrale weisen, stiermen d’Stater an d'Touristen d'Terrassë vun der Plëss fir e gudde Pättche Miseler oder e Lëtzebuerger Humpen ze genéissen – och wann dës lokal Produiten ëmmer méi vun internationale Wueren ersat ginn. De Choix vun de Kichen ass grouss, vum Fast Food bis op gastronomesch Tempelen‚ vun der Lëtzebuerger a franséischer Kichen bis op italienesch a mexikanesch Platen, et ass do fir all Goût a fir all Portmonni.

Joerhonnertelaang huet d'Plëss d'Arem vill gesinn‚ Belagerungen a Feiere vu Victoiren‚ grouss Hongersnéit a grausam ëffentlech Hiriichtungen‚ Staatsvisiten a Volleksfester‚ pompös Militärparaden a sprëtzeg Freedefeier. D'franséisch Revolutioun huet hei den éischte Fräiheetsbam opgeriicht an d'Nazibesatzer hir Truppe paradéiere gelooss. Hautdesdaags geet et manner streidereg zou, d'Plëss ass d'Bühn fir Concerten a Stroossentheater‚ hei ass Samschdes de Floumaart, am Hierscht de Bichermaart an Enn des Joers de Chrëschtmaart, hei fannen Demonstratiounen a Manifestatioune statt an et ass do wou ee sech Rendez-vous gëtt oder sech zoufälleg trëfft.“[2]

De Pëtz op der Plëss[änneren | Quelltext änneren]

D'Plack iwwer dem Pëtz

De Pëtz op der Plëss d'Arem gouf 1741 gegruewe fir d'Awunner vun der Festung mat Drénkwaasser ze versuergen. De Pëtz, dee 65 m déif ass, geet duerch de Lëtzebuerger Sandsteen erof bis op d'Grondwaasser dat iwwer der waasseronduerchlässeger Schicht ënner dem Sandstee steet. De Pëtz ass mat enger Plack ofgedeckt, déi op de Pëtz opmierksam mécht. Den Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg, dee vun 1961 bis 1963 gegruewe gouf, ass duerch e Säitegank vun e puer Meter Längt mam Pëtz verbonnen.

Dicks-Lentz-Monument[änneren | Quelltext änneren]

Westlech nieft der Plëss, um Square Jan Palach, steet d'Monument Dicks-Lentz. „D'Monument ass entworf gi vum Georges Traus. De Sculpteur Pierre Federspiel huet d'Figure vum Aarbechter an dem Baueremeedche realiséiert esou ewéi d’Stele mat de Medaillone vun deenen zwee Dichter. Op der Stele ass de Refrain vum Feierwon agemeesselt an de Lëtzebuerger Léif trount uewendrop. D‘Plaz heescht haut Square Jan Palach, als Erënnerung un den tschechesche Student, dee sech 1969 selwer verbrannt huet als Protest geint d'sowjetesch Nidderschloen vum Prager Fréijoer.“[2]

Am Volleksmond, besonnesch bei méi Jonken, gëtt d'Monument och nach Bronnen (resp. Brunnen) genannt, dat besonnesch bei de Memberen aus der Punk-Zeen.[Source ?]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plëss d'Arem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Elise Lamort, Baronne de Gail (1854 - 1923), an hire Jugenderënnerungen, „Souvenire” vun der Plëss, aus der Zäit tëscht 1860 an 1867.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Jean Reitz, 2016, „La Place d'Armes et le Cercle“, Photothèque de la ville de Luxembourg, S. 10-13, ISBN 978-2-9599812-6-5