Place François-Joseph Dargent

Vu Wikipedia
Place François-Joseph Dargent
Numm lb: Eecher Plaz
fr: Place Dargent
Fréieren Numm de: Langemarckplatz (1940-44)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Eech
Postcode 1413
Koordinaten 49° 37’ 37.70’’ N
      06° 07’ 47.50’’ O

D'Eecher Plaz, offiziell Place François-Joseph Dargent, ass eng Plaz am Quartier Eech, an der Stad Lëtzebuerg; do, wou den Eecher Bierg (Côte d'Eich) an d'Eecher Strooss (Rue d'Eich) iwwergeet a wou d'Millebaacher Strooss (Rue de Muhlenbach) derbäikënnt.

Am nationale Stroossennetz ass dat d'Nationalstrooss 55, déi do op d'Nationalstrooss 7 stéisst.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem 26. Dezember 1913 an dem 5. September 1964 ass d'Linn 10 vum Stater Tram driwwer gefuer. Och de Chareli ass do laanscht gefuer[1].

D'Plaz gouf 1925 nom Apdikter a fréiere Buergermeeschter vun Eech, François-Joseph Dargent, genannt. Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich gouf s'a Langemarckplatz ëmgedeeft, no der Schluecht vu Langemarck am Éischte Weltkrich, déi an der Nazipropaganda heroiséiert gouf, a Wierklechkeet awer en Desaster war.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Ronderëm d'Eecher Plaz stinn eng Rëtsch Gebaier, déi op der Lëscht vun den nationale Monumenter stinn[2]:

  • d'Haus Nr. 5 - d' Apdikt Perlia (gebaut 1866 fir de Jean Meyer, Architekt: Jean-Pierre Koenig); als Nationalmonument klasséiert zanter dem 15. Juli 2020;
  • d'Haus Nr. 2 - d' Maison Wurth (fréier Nimm: Villa Weber, dono Maison Laval-Metz), um Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter zanter dem 23. Februar 1988;
  • d'Haus Nr. 13, e Café; um Zousazinventaire zanter dem 26. Mäerz 2013;
  • d'Haus Nr. 15, bis an d'1960er Joren eng Krawattefabréck; um Zousazinventaire zanter dem 25. Juli 2013.

D'Haus Nr. 8 (gebaut fir den Nottär Fritz Weber) ass net klasséiert; ma de Ginkgobam, deen do am Gaart steet, zielt zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place François-Joseph Dargent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vesna Andonovic: "Place Dargent:Immer am Puls der Zeit." wort.lu, 20.09.2020.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).