Place de Metz (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Place de Metz
Numm lb: Metzer Plaz
fr: Place de Metz
Deel vun N3
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 1930, 1931
Koordinaten 49° 36’ 26.4’’ N
      06° 07’ 39.6’’ O
Genannt no Metz

D'Place de Metz ass eng Plaz am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg; se besteet aus zwéin Deeler, westlech an ëstlech vun der Neier Avenue.

D'Plaz läit südlech vun der Neier Bréck; vun hir aus ginn a Richtung Süden d'Nei Avenue an no Westen an Osten de Boulevard de la Pétrusse fort.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Och wann déi franséisch Stad Metz ni zu Lëtzebuerg gehéiert huet, sou haten déi zwou Stied awer ëmmer enk Verbindungen ënnerteneen. Dës huet déi zwéi Buergermeeschteren 1952 dozou verleet, eng Partnerschaft (Jumelage) an d'Liewen ze ruffen. Bei enger grousser Feier den 21. Juni 1953 an der Stad, war och - als liewege Symbol fir dëse Jumelage - de Robert Schuman (1886 - 1963) derbäi, deen zu Lëtzebuerg op d'Welt koum a Metz als Députéierte vertrueden huet.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

  • Siège vun der Spuerkeess
  • fréiert Gebai vun der Direction générale impériale des Chemins de fer en Alsace-Lorraine, duerno Sëtz vun der CECA, an haut och am Besëtz vun der Spuerkeess.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place de Metz (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]