Place de l'Étoile (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Place de l'étoile
Luxembourg -place de l'Etoile, Stäreplaz - nom de rue.jpg
Numm lb: Stäreplaz
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 48,0’’ N
06° 07’ 11.3’’ O

D'Stäreplaz (offiziell: Place de l'Étoile) an der Stad Lëtzebuerg ass eng Plaz, oder éischter eng grouss Kräizung, wou d'Avenue Emile Reuter, d'Arelerstrooss, de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte, de Boulevard de la Foire an d'Rue de Rollingergrund zesummekommen, mat zousätzlech der Rue Jean-François Boch an der Rue Jean-Pierre Probst e puer Meter méi wäit. Am Reseau vun den Nationalstroosse sinn et d'N51, d'N6 an d'N12, déi hei zesummekommen.

Si ass haut virun allem als eng grouss Broochfläch bekannt, wou an de leschte Joerzéngten Haiser ofgerappt goufen, mä déi Bauprojeten derhannert bis ewell (2018) net zustane komm sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1891 war d'Ouverture vum Café Wintersdorf um Eck vun der Arelerstrooss an der Stäreplaz. Zu där Zäit - de Stater Park war schonn ugeluecht an déi éischt Haiser goufen um Boulevard Joseph II gebaut - louch d'Stäreplaz nach baussent der Stad. De Café gouf awer séier e beléiften Treffpunkt fir Veräiner, Sportler an Eisebunner; et gi Concerten, Fester, Konferenzen an Ausstellungen do organiséiert. De Café hat eng eege Maartplaz, wou Autoen, Kutschen, Déieren oder och alt Dausenden Eisebunnsschwellen ënner den Hammer koumen. 1896 war e „geheimt Treffen“, wou d'Iddi vum Bau vu enger Gare beim Glacis diskutéiert gouf. Aacht Joer nom Treffen ass eng Giddergare opgaangen, vun där aus bis 1955 Wuere mam Charly a Richtung Iechternach transportéiert ginn. Aus der Iddi vun enger Persounegare gouf just eng Tramshalt. De Café Wintersdorf huet Enn vum Zweete Weltkrich seng Dieren zou gemaacht[1].

1945 koum d'Industrie- an Handelsschoul an d'Gebailechkeete vun der fréierer Wiertschaft, ier se 1948 op de Lampertsbierg geplënnert ass. Méi spéit ass d'Gebai ofgerappt an duerch en neit ersat ginn. Op der fréierer Maartplaz vum Café koum eng Bensinsstatioun hin. 1948 gouf um Eck vun der Arsenalstrooss an dem Boulevard de la Foire d'„Étoile Garage“ ageweit, déi no de Pläng vum Michel Wolff gebaut gi war. D'Garage ass bis 1989 op där Plaz bliwwen, ier se op d'Cloche d'Or geplënnert ass, well d'Raimlechkeeten op der Stäreplaz ze kleng goufen. An hir Plaz koum e Bürosgebai[1].

An den 1980er Jore gouf et Pläng, do eng Entrée fir en Tunnel tëscht dem Glacis an der Arelerstrooss unzeleeën, deen d'Autobunn op de Kierchbierg (déi haiteg Avenue Kennedy) besser un de Zougang zu där an d'Belsch ubanne sollt[2]. Doraus ass awer schlussendlech näischt ginn (eenzegt konkret Resultat vun deene Pläng ass d'Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point Schuman). An déi Zäit fält den Ufank vum Opkaf vun den Terraine ronderëm d'Plaz, haaptsächlech duerch de Willy Hein, en Immobiliëpromoteur, deen eng sëlleche Citéen a Parkhaiser doruechter gebaut huet.

An den 1980er-90er Joren goufen ëmmer nees nei Projete virgestallt, fir eng Zort Visittekaart an der Entrée vun der Stad ze bauen. Sou gouf et en Architekteconcours, wou Maquettë vun den Entwërf am Neie Stater Theater ausgestallt goufen[Wéini ?]; et gouf Iwwerleeungen, d'Cité judiciaire dohin ze bauen, oder awer d'Chambre des métiers (1980), oder Sozialwunnengen (1991), oder de Gesondheetslaboratoire (1991), oder e Verwaltungsgebai (1999), ma näischt dovun gouf zréckbehalen.

Parallel dozou goufe Grondstécker an Haiser opkaaft, verfalen an dann ofrappe gelooss, mat Dosende vu Prozesser déi dat ganzt begleet hunn. Net méi einfach gouf d'Saach doduerch, datt de Staat zwar an der Tëscht déi meescht - awer net all - Terrainen opkaaft hat, ma d'Stad Lëtzebuerg e Wiertchen iwwer Bebauungspläng a Baugeneemegunge matzeschwätzen hat, an de Staat och net onbedéngt selwer als Baupromoteur optriede wollt. All puer Joer huet e Politiker - Minister oder Buergermeeschter - ugekënnegt, dee "Schandfleck" géif elo endlech geschwë verschwannen, mä ouni Resultat.

2007 huet eng Immobilien-Investmentgrupp, Andromeda Investissement, am Partenariat mat Investoren aus dem Katar, dem Willy Hein, an engem Garagist, deen als eenzegen nach do gewunnt huet, hir Terrainen ofkaaft. Si wollten do en Akafszenter bauen, dat awer vum Gemengerot als ze flappeg verworf gouf. Nodeems de PAP an der Tëschenzäit g'ännert gi war, gouf e puer Joer drop en neie Projet vun Akafszentrum a Wunnenge geneemegt. Ma well Andromeda an den Hein - deen e puer Terrainen fir sech gehalen hat - goufe sech net eens, sou dass schlussendlech d'Katari sech zréckgezunn hunn. Well et och soss doruechter ëmmer méi Projete vun Akafszentre gouf, net zulescht de Royal Hamilius nobäi, ass dësen ongewëss. Am Mee 2018 dann och gouf bekannt, dass d'Iddi vun engem Shoppingzenter mat Büroen uewendriwwer ewell verworf wier, geplangt sinn amplaz Luxuswunnengen. Dës Ännerung muss nach vun der Stad Lëtzebuerg approuvéiert ginn[3].

2018 ass d'Situatioun esou, datt just zwéi Gebaier do stinn: op der Parzell F Büroe vun Axxa an op der Parzell E, 6 Appartementshaiser. Op de Parzellen A an D sinn ewell Büroen a Wunnenge geplangt, an op de Parzelle B an C, wou virdrun d'Akafsgalerie hätt sollen hikommen, Luxuswunnengen.

De 27. Juli 2018, am Laf vun den Ausbauaarbechte vum Stater Tram, gouf d'Halt Stäreplaz / Étoile, als provisoreschen Terminus, a Betrib geholl. Zanter Mëtt September gëtt dernieft och eng Busgare vu verschiddene Buslinnen ugefuer, fir tëscht deenen zwee Transportmëttelen ëmzeklammen[4].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

D'Stäreplaz 2017:

Juli 2018: provisoreschen Terminus vum Tram

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place de l'Étoile (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Quell: „Die Stäreplaz im Wandel“ an der Literatur
  2. Quell zu dësem Kapitel, wou net anescht uginn: B. Thomas, Star Wars, an der Literatur.
  3. Maxime Gillen: "Doch kein Shoppingzenter auf der Stäreplaz." wort.lu, 25.05.2018.
  4. Jean-Michel Hennebert, Un pas de plus vers un premier tronçon plus long op paperjam.lu den 13. Juli 2017 (gekuckt den 10. Nov. 2017)