Plaguewielder

Vu Wikipedia
Plaguewielder
Museksgenre Doom Metal
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2012
Websäit Facebook
Aktuell Memberen Maxime Weber (Synthesizer)
Nicholas O'Connell (Gesang, Bass)
Christophe Trausch (Gittar)
Luis Munoz (Batterie

Plaguewielder ass eng lëtzebuergesch Doom-Metal Band. Se gouf am August 2012 vum Maxime Weber an Nicholas O'Connell gegrënnt. 2013 huet se hir éischt EP erausbruecht.

Geschicht vun der Band[änneren | Quelltext änneren]

Plaguewielder gouf aus den Iwwerreschter vun Discordant System gegrënnt, enger lëtzebuergescher Anarcho-Punk / Crust Band an där de Maxime Weber an den Nicholas O'Connell Gittar gespillt hunn. Nodeem Discordant System sech no enger Däitschland-Tournée opgeléist huet, gouf Plaguewielder am Summer 2012 gegrënnt. Als Zil hate sech béid Museker gesat, e Genre ze spillen, deen, wéi si fonnt hunn, an der lokaler Musekszeen ënnerrepresentéiert war - Doom Metal. No ufängleche Schwieregkeeten, fir Museker fir hire Projet ze fannen, huet sech de Line-up vun der Band awer schonn am Hierscht konkreetiséiert: Derbäi waren de Christophe Trausch op der Gittar, de Luis Munoz op der Batterie, de Maxime Weber um Synthesizer an den Nicholas O'Connell, nodeems en de Chris Boever um Bass ersat hat, um Bass an um Gesang. Déi éischt Concerte goufen am Mäerz 2013 gespillt.

Am Summer 2013 gouf eng S/T EP mat dräi Lidder erausbruecht. Am éischte Semester 2014 goufen dunn nach zwee weider Lidder bei Muschel Productions opgeholl, fir duerno e ganzen Album erausbréngen ze kënnen. Deen hat den Titel Chambers of Death a koum 2015 eraus. Den Album gouf vun den internationale Metal-Kriticker gutt opgeholl[1],[2],[3],[4].

Am Juni 2015 hu si e Museksvideo fir den Titel Father Suicide verëffentlecht.

Duerno ass et roueg ëm d'Band ginn.

Musekalesche Stil an Theemen[änneren | Quelltext änneren]

Plaguewielder zeechent sech duerch laang Lidder aus, déi sech engersäits aus méi rouegen, atmosphäresche Passagen an anerersäits aus méi haarden a schwéiere Passagen zesummesetzen. Als Doom Metal Band zeechent sech Plaguewielder duerch eng relativ Monotonie a Repetitivitéit aus. Si léint och munnech Aspekter vum Sludge Metal, sou zum Beispill de Gesanksstil.

D'Theemen déi Plaguewielder an hire Lidder behandele si relativ enk gefaasst, se reeche vum Doud iwwer Depressiounen, existenzielle Krise bis hin zum Nihilismus.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Plaguewielder (EP)
  • 2015: Chambers of Death (Album)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kritik op ninecircles
  2. Kritik op teethofthedivine.com
  3. Kritik op metalstorm.net
  4. Kritik op teethofthedivine.com