Plakeg Maulefsrat

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Plakeg Maulefsraten)
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.
Plakeg Maulefsrat
Eng Plakeg Maulefsrat

Eng Plakeg Maulefsrat
Eng Plakeg Maulefsrat
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Knabberdéieren
Ënneruerdnung: Stachelschwäindéieren
Famill: Sandgriewer
Gattung: Plakeg Maulefsraten
Aart: Plakeg Maulefsrat
Wëssenschaftlechen Numm
Heterocephalus glaber
Rüppell 1842


Déi Plakeg Maulefsrat (Heterocephalus glaber) ass eng Aart vun de Sandgriewer bannent de Knabberdéieren.

Déi Plakeg Maulefsrat lieft a risegen ënnerierdesche Bauen an den Hallefwüste vun Ostafrika. Besonnesch dacks ass se an Ethiopien, am Kenia an a Somalia ze fannen.

An der Klass vun de Mamendéieren ass d'Plakeg Maulefsrat eppes Besonnesches. Et sinn déi eenzeg Mamendéieren déi eusozial liewen. Virun allem hir Manéier fir a grousse Kolonien ze liewen, déi vu Weibercher dirigéiert ginn, déi sech exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmeren, ass bei Mamendéieren eenzegaarteg.

Déi Plakeg Maulefsrat ass dat Knabberdéier, dat den héchsten Alter erreeche kann. Fuerschungen hunn erginn, datt dat Déier iwwer 28 Joer al ka ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Vascular aging in the longest-living rodent, the naked mole-rat. IN: The American Journal of Physiology - Heart and Circulatory Physiology vum 27. Abrëll 2007
Eng Plakeg Maulefsrat, déi am Gaang ass, ze friessen