Plakeg oder Ugedoen

Vu Wikipedia
Plakeg oder Ugedoen
Museksgenre Akustik-Comedy-Folk
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1993[1]
Memberen René Gabriel Lauer (Gesang)
Morgan "Moogy" Meyer (Gittar)

Plakeg oder Ugedoen war eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi lëtzebuergeschsproochegen Akustik-Comedy-Folk gemaach huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Plakeg oder Ugedoen hu schonn zu de Lycéeszäite vun hire Memberen ugefaangen, am Ufank nach ënner dem Numm Half a Pint. Wéi se sech dunn awer decidéiert haten, mat zwéin anere Kolleegen als klassesch Rock-Combo um Looking for the Best-Concours deelzehuelen, hu se sech a Plakeg oder Ugedoen ëmgedeeft. Déi zwéi Kolleegen hunn awer kuerz virum Concours d'Bengele bäi d'Tromm gehäit, a sou huet missen improviséiert ginn. Plakeg oder Ugedoen hu kabarettistesch Elementer an hiren Optrëtt mat agebaut a mat där Alternativmusek déi sechst Plaz um Concours gemaach.[2]

No hirer Ufankszäit an den 1990er hate si eng Paus gemaach an nom Studium ëm 2005 dunn erëm weider gemaach. Dat Joer hu si den Album Abrëll's Dreck erausbruecht, dee mam Serge Tonnar opgeholl a vum Thierry Kinsch gemëscht gouf Als Gaaschtsänger trieden do den Thierry van Werveke um Titel Bongert an d'Claudine Muno um Titel Ëmmer erëm an trotzdeem op.[3]

Zu hire bekanntste Lidder zielen d'Wuermlidd, an deem et wéi den Titel scho seet iwwer Wierm geet, an Eeërhaus mat engem vulgären Text iwwer Sex.[2]

Ee Joer méi spéit koum d'EP La verità è da mangiare mat italieenesche Lidder eraus. Déi hu si ënnert dem Numm "Nudo o vestiti" opgeholl, der italieenescher Iwwersetzung vu "Plakeg oder Ugedoen".

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1994: Lunker - Made in Japan
  • 2005: Abrëll's Dreck
  • 2006: La verità è da mangiare

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Plakeg oder Ugedoen op rateyourmusic.com
  2. 2,0 2,1 woxx.lu: MUSEK?: Da-da-da vum Claudine Muno (1. Abrëll 2005)
  3. land.lu: D'Haaptsaach, mer si gesond vum Josée Hansen (31. Mäerz 2005)